De fréiere President vum Internationalen Olympesche Comité ass e Méindeg vum Staatschef empfaange ginn.

Bei där Geleeënheet gouf de Comte Jacques Rogge och dekoréiert mat dem « Grand-Croix » dans l'ordre de mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau.

De Jacques Rogge war 12 Joer laang, vun 2001 bis 2013, President vum IOC an ass elo Éierepresident dovun.

De Grand-Duc ass zanter 1998 ee vun den 111 aktive Membere vum IOC.