En Donneschdeg an der Mëttegstonn ass zu Paräis a Frankräich de Circuit vum Tour de France bei den Hären an den Damme presentéiert ginn.

Fir d'Hären ass et 2026 well déi 113. Editioun vum Tour de France. Et gëtt deen éischte Grand Depart fir Barcelona, dat nodeems den Tour schonn dräi Mol do passéiert ass. De 4. Juli gëtt um éischten Dag en Ekippenzäitfueren iwwer 19 Kilometer gefuer. Den 2. Dag geet et vun Tarragona op Barcelona. Genee wéi den Dag virdrun ass de Montjuïc d'Schwieregkeet vum Dag.

Dono geet et eriwwer a Frankräich an d'Géigend vun de Pyrenäen. D'Sprinter komme fréistens um 5. Dag zu Pau op hir Käschten. Dono ass et awer schonn nees un de Grimpeure mam Col d'Aspin an dem Tourmalet op der 6. Etapp an der Arrivée uewenaus zu Gavarnie - Gèdre. D'Etappe 7 an 8 sinn nees fir d'Sprinter mat den Arrivéeën zu Bordeaux a Bergerac. Nom éischte Roudag steet um franséischen Nationalfeierdag eng schwéier Biergetapp op Le Lioran um Programm. Déi längsten Etapp vun der 113. Editioun ass déi 13. mat 205 Kilometer tëscht Dole a Belfort. Nom 2. Roudag steet een Eenzelzäitfueren iwwer 26 Kilometer um Programm an dono bleift de Parcours bis op Paräis interessant a schwéier. Op der 19. Etapp gëtt et déi éischt Arrivée op der d'Alpe d'Huez, daags drop op der Kinneksetapp mat ënner anerem dem Galibier déi zweet Arrivée op der Alpe d'Huez. Den Tour geet de 26. Juli zu Paräis op en Enn, do wou genee wéi dëst Joer de Parcours nees iwwer de Montmartre geet.

04/07 - Et. 1: Ekippenzäifueren zu Barcelona (19 km)
05/07 - Et. 2: Tarragone - Barcelona (182 km)
06/07 - Et. 3: Granollers - Les Angles (196 km)
07/07 - Et. 4: Carcassonne - Foix (182 km)
08/07 - Et. 5: Lannemezan - Pau (158 km)
09/07 - Et. 6: Pau - Gavarnie-Gèdre (186 km)
10/07 - Et. 7: Hagetmau - Bordeaux (175 km)
11/07 - Et. 8: Périgueux - Bergerac (182 km)
12/07 - Et. 9: Malemort - Ussel (185 km)
13/07 - Repos zu Aurillac
14/07 - Et. 10: Aurillac - Le Lioran (167 km)
15/07 - Et. 11: Vichy - Nevers (161 km)
16/07 - Et. 12: Circuit Nevers Magny-Cours - Châlon-sur-Saône (181 km)
17/07 - Et. 13: Dole - Belfort (205 km)
18/07 - Et. 14: Mulhouse - Le Markstein (155 km)
19/07 - Et. 15: Champagnole - Plateau de Solaison (184 km)
20/07 - Repos zu Thonon-les-Bains
21/07 - Et. 16: Eenzelzäitfueren Evian-les-Bains - Thonon-les-Bains (26 km)
22/07 - Et. 17: Chambéry - Voiron (175 km)
23/07 - Et. 18: Voiron - Orcières-Merlette (185 km)
24/07 - Et. 19: Gap - L’Alpe d’Huez (128 km)
25/07 - Et. 20: Le Bourg-d’Oisans - L'Alpe d'Huez (171 km)
26/07 - Et. 21: Thoiry - Paris-Champs-Elysées (130 km)

De Parcours vun den Dammen

9 Deeg Course sti fir d'Dammen um Programm. Lass geet et an der Schwäiz. De Grand Depart vun der Course ass um Schwäizer Nationalfeierdag, den 1. August zu Lausanne. Déi éischt Etapp gëtt zu Lausanne gefuer. Iwwer 137 Kilometer sinn eng ganz Rei Koppen ze fueren. Den 2. Dag geet et vun Aigle op Genf. Den 3. Dag geet et aus der Schwäiz eraus a Frankräich. Op der 4. Etapp steet en Zäitfueren iwwer 21 Kilometer um Programm. Dono komme wallonéiert Etappen, éier um 7. Dag d'Kinneksetapp ze fueren ass. No am Ganzen 1.175 Kilometer geet den Tour vun den Damme mat enger schwéierer leschter Etapp ronderëm Nice op en Enn. Hei muss de Col d'Eze dräimol gefuer ginn.

01/08 - Et. 1: Lausanne - Lausanne (137 km)
02/08 - Et.2: Aigle - Genève (149 km)
03/08 - Et. 3: Genève - Poligny (157 km)
04/08 - Et. 4: Zäitfueren zu Gevrey-Chambertin - Dijon (21 km)
05/08 - Et. 5: Mâcon - Belleville-en-Beaujolais (140 km)
06/08 - Et. 6: Montbrison - Tournon-sur-Rhône (153 km)
07/08 - Et. 7: La Voulte-sur-Rhône - Mont Ventoux (144 km)
08/08 - Et. 8: Sisteron - Nice (175 km)
09/08 - Et. 9: Nice - Nice (99 km)