D'NBA steet virun engem grousse Wettskandal
De Chauncey Billups / © AFP
An der stäerkster Basketballliga vun der Welt ermëttelt den FBI aktuell e méigleche Fall vun organiséierter Manipulatioun.
D'Saison an der NBA huet an der Nuecht op e Mëttwoch ugefaangen. Am Fokus vum Interessi steet awer aktuell net de Sport, mee e méigleche grousse Wettskandal an deen ënner anerem Spiller an Trainer solle verwéckelt sinn.
E puer bekannte Leit goufe scho festgeholl. Den Trainer vun de Portland Trail Blazers, Chauncey Billups, souwéi den aktuelle Miami Heat Spiller Terry Rozier si sécherlech déi bekanntsten Nimm vun insgesamt ronn 30 Leit, déi ënner Verdacht stinn an engem grousse Skandal zesumme geschafft ze hunn. Rieds geet vu koordinéierten Aktiounen, déi iwwer e puer US-Stied solle gelaf sinn.
Wéi kéinten déi Kriminell virgaange sinn?
Op Wettsäiten am Internet kann een op all méiglech Sportaarte setzen. Bei deene grousse Lige gëtt net nëmmen d'Méiglechkeet op Victoire oder Defaite vun Ekippen ze setzen, mee och op d'Statistike vun eenzele Spillerinnen a Spiller. Genee hei kéinte sech Krimineller mat Acteuren aus dem Sport zesummen doen. Sou soll de Terry Rozier am Joer 2023 fréizäiteg am Match eng Verletzung virgetäuscht hunn, fir seng "normal" Statistiken ze ënnerbidden. De Wettsäiten ass opgefall, dass ongewéinlech vill Suen dorop gesat goufen an den FBI ass den Informatiounen nogaangen. Eng weider Méiglechkeet vun der Manipulatioun ass et Informatiounen weider ze ginn. Sou kéinten "Insider" vun der Zeen anere Leit matdeelen, wa wichteg Spiller an engem Match feelen, och dës soll hei geschitt sinn.
Wéi e Spriecher vum FBI sot, kéint et sech an der ganzer Affär, wou et net nëmmen ëm manipuléiert Basketmatcher soll goen, ëm Manipulatioun an Héicht vun enger zweestelleger Milliounenhéicht handelen, d'Ermëttlunge lafen a wäerte sécherlech nach vill Neiegkeeten ervir bréngen.