De 5. November ass de Retourmatch an der 2. Ronn vun der Youth League am Futtball.

An der 2. Ronn vun der Youth League huet e Mëttwoch den Owend de Stater Racing den héichfavoriséierten 1. FC Köln empfaangen. Iwwer 1.000 Supporter ware Fans vun de Visiteuren, déi fir eng richteg gutt Ambiance gesuergt hunn. Allgemeng war de Stade Achille Hammerel mat ronn 1.500 Spectateuren ausverkaf.

Vun Ufank un huet de Favorit probéiert, de Match an d'Hand ze huelen. No 17 Minutte goufen d'Spiller vum Verluerekascht gewarnt. De Gol vun de Kölner war an der Loft an ass no 20 Minutte gefall. De Benjamin Ley huet déi decisiv Pass op de Fynn Schenten gespillt. Deen huet no engem ganz flotte Mouvement den 1:0 markéiert.
No ronn enger Hallwer Stonn Spill huet sech de Racing och no vir orientéiert, wat gutt fir d'Moral vum Lëtzebuerger Vertrieder war. No 45 Minutte stoung et 0:1 aus Siicht vum Racing.

No engem Gewulls an der 52. Minutt waren déi jonk "Geißböcke" richteg geféierlech an enger flotter Aktioun. De Fayssal Harchaoui, dee scho mat der 1. Ekipp vu Köln trainéiert huet, huet geschoss. An der Phas, wou den 1. FC Köln ferm gedréckt huet, ass och den 2. Gol gefall. De Cenny Neumann huet de Ball flott eragehuewen. No 73 Minutten huet de Racing mam William Messan e gudde Schoss lassgelooss, deen och kadréiert war. An der 78. Minutt haten déi Stater richteg Pech no engem Kappball vum Hénoc Mahi, deen d'Lat geroden huet. Sekonnen drop waren d'Gäscht realistesch an hunn den 3. Gol markéiert. Den Alessandro Puzzo huet de Ball am Gol ënnerbruecht.
Köln hat an de Schlussminutten nach weider Golaktiounen déi vum beschte Mann vum Racing, an zwar vum Golkipper Ermal Azemi, annuléiert goufen.
De Racing huet sech spilleresch net schlecht verkaf.

De Retourmatch ass fir de 5. November zu Köln programméiert.