E Mëttwoch den Owend war an der Kinneksklass vum europäesche Futtball d'Suite vum 3. Spilldag.

En Dënschdeg gouf et ënner anerem fir Arsenal eng kloer 4:0-Victoire géint Atlético Madrid an eng batter 2:7-Defaite fir Leverkusen géint de PSG.

Real Madrid huet sech am Duell géint Juventus e verdéngten 1:0-Succès erkämpft. An engem Match, an deem dat grousst Spektakel ausbliwwe war, huet um Enn de Gol vum Jude Bellingham den Ënnerscheed gemaach.

Liverpool huet Frankfurt dann trotz engem 0:1-Réckstand auswäerts nach mat 5:1 iwwerrannt. Eng ganz kloer Saach war et dann och fir den FCChelsea, dee sech virun den eegene Spectateure mat 5:1 géint 10 Amsterdamer vun Ajax behaapte konnt. Mat de Muskele gespillt huet dann och den FC Bayern, dee bei engem 4:0-Succès géint Bruges virun den eegene Spectateure keng Probleemer hat.

Zu Lissabon huet Sporting en 0:1-Réckstand nach gedréint an duerch e spéide Gol mat 2:1 géint Olympique Marseille gewonnen. d'Gäscht vun der Côte d'Azur waren déi ganz zweet Hallschent an Ënnerzuel, nodeem den Emerson kuerz der Paus wéinst enger Schwalb déi Giel-Rout Kaart gewise krut.

D'Punkte gedeelt hu sech dann Atalanta mat Slavia Prag, sou wéi Monaco mat Tottenham jeeweils bei engem 0:0-Remis.

Senger Favoritteroll gerecht gi war um fréie Mëttwochowend d'Ekipp vu Galatasaray Istanbul, déi sech mat 3:1 géint Bodö/Glimt aus Norwegen duerchgesat huet. Och Athletic Bilbao konnt trotz engem fréie Géigegol an der 1. Minutt nach mat 3:1 géint Qarabag aus dem Aserbaidschan wannen.

Den Detail vun de Matcher mat de Goler am Video

Real Madrid - Juventus 1:0
1:0 Bellingham (57')

Den decisive Gol am Match tëscht Real Madrid a Juventus
Den Jude Bellingham huet Real Madrid mat sengem Gol um Enn déi dräi Punkte geséchert

An der Ufanksphas hu sech d'Gäscht aus Turin déif an déi eegen Hallschent zréckgezunn, fir op eng gutt Konterméiglechkeet ze laueren. Dës Taktik sollt och relativ gutt opgoen a sou war Juventus an deenen éischten zéng Minutten schonn zwee Mol méi oder manner geféierlech virun de géigneresche Gol komm. Am grousse Ganze war de Ball weider an de Reie vun de Kinneklechen, déi selwer och op de richtegen Zäitpunkt fir eng Golchance gewaart an ëmmer méi Drock op de Gol vu Juventus ausgeüübt hunn. Obwuel den 1:0 fir Real liicht an der Loft louch, huet et der Lokalekipp am leschten Drëttel un der néideger Konsequenz gefeelt fir a Féierung ze goen. Ouni Goler ass domat déi éischt Hallschent op en Enn gaangen.

Am Vollsprint Richtung Gol ass et nom Säitewiessel da fir d'éischt mol fir den Dusan Vlahovic gaangen. No engem Corner vu Real huet sech de Stiermer vu Juve op eemol eleng am Lafduell géint den Eder Militao rëmfonnt. Do konnt hie sech och behaapten, ma de Courtois am Gol sollt d'Endstatioun fir déi bis elo bescht Occasioun vum Match sinn. An der 57. Minutt war et da sou wäit. Grad an enger Phas, an där Juventus et gelonge war, e puer Lächer an d'Defense vun hirem Géigner ze spillen, huet Real zougeschloen. No engem Schoss vum Vinicius Jr ass de Ball vum Potto bei den Jude Bellingham gesprongen, deen en dann ouni Probleemer hannert d'Linn drécke konnt. An deenen nächste Minutte konnten d'Spiller vu Juventus hirem Golkipp Di Gregorio Merci soen, datt si weider am Spill bliwwe sinn. Den Italieener huet e puer Mol staark gehalen an domat e méi héije Réckstand verhënnert. D'Féierung fir Real war verdéngt, trotzdeem stoung ëmmer nach just eng knapp Féierung. An der Schlussphas ass et dowéinst zwar spannend bliwwen, ma de Gäscht sollt et net méi geléngen, den Ausgläich ze markéieren.

Déi bescht Zeene vum Match Real Madrid géint Juventus
Real war am grousse Ganzen déi besser Ekipp an huet sech d'Victoire um Enn verdéngt

Frankfurt - Liverpool 1:5
1:0 Kristensen (26'), 1:1 Ekitike (35'), 1:2 Van Dijk (39'), 1:3 Konaté (44'), 1:4 Gakpo (66'), 1:5 Szoboszlai (70')

Sporting - Marseille 2:1
0:1 Paixao (14'), 1:1 Catamo (69'), 2:1 Santos (86')

D'Resuméë vun de Matcher Frankfurt géint Liverpool a Sporting géint Marseille
Frankfurt war géint Liverpool ouni Chance a Sporting konnt de Match géint Marseille dréinen

Monaco - Tottenham 0:0

Bayern - Bruges 4:0
1:0 Karl (5'), 2:0 Kane (14'), 3:0 Diaz (34'), 4:0 Jackson (79')

D'Resuméë vun de Matcher Monaco géint Tottenham a Bayern géint Bruges
Wäredn sech Monaco an Tottenham mat engem 0:0 d'Punkte gedeelt hunn, war et fir den FC Bayern géint Bruges eng kloer Saach

Chelsea - Ajax 5:1
1:0 Guiu (18'), 2:0 Caicedo (27'), 2:1 Weghorst (33'), 3:1 Fernandez (45'), 4:1 Estevao (45+6'), 5:1 George (48')

Atalanta - Slavia Prag 0:0

D'Resuméë vun de Matcher Chelsea géint Ajax an Atalanta géint Slavia Prag
Fir Chelsea gouf et eng kloer 5:1-Victoire géint Ajax, tëscht Atalanta a Slavia Prag si keng Goler gefall

Galatasaray - Bodö/Glimt 3:1
1:0 Osimhen (3'), 2:0 Osimhen (33'), 3:0 Akgün (60'), 3:1 Helmersen (75')

Bilbao - Qarabag 3:1
0:1 Andrade (1'), 1:1 Guruzeta (40'), 2:1 Navarro (70'), 3:1 Guruzeta (88')

All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.