De Champion Oklahoma City geet als Favorit an déi nei Saison
© Photo by William Purnell / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
An der Nuecht op e Mëttwoch war den Optakt vun der neier Saison an der NBA.
Als Favorit start den aktuelle Champion Oklahoma City an d'Saison. Um Mëttwoch krut d'Ekipp déi berüümte Championsréng iwwerreecht. A ronn 8 Méint wëll de Club e weideren Titel an de Palmarès androen. D'Ekipp ronderëm de wäertvollste Spiller vun der leschter Saison, de Kanadier Shai Gilgeous-Alexander, huet awer eng ganz Rei vu staarke Konkurrenten. D'Denver Nuggets mam Nikola Jokić, d'Cleveland Cavaliers an och d'New York Knicks gi virum Start vun der Saison vun den Experte staark geschätzt.
Bis zum Optakt vun de Playoffe waarden 82 Matcher op all Ekipp, an déi laang Saison wäert sécherlech Iwwerraschungen a vill Spektakel mat sech bréngen. Verletzungen a Spillerwiessel wäerte wuel, wéi all Saison, nach dofir suergen, dass Ekippen hir Erwaardungen hiewen oder zeréckschrauwe mussen.
Niewent dem Championstitel gëtt fir déi drëtte Kéier e Coupe-Titel verginn - hei ass d'Finall fir de 16. Dezember geplangt. De Weekend vum 13. bis de 15. Februar ass den NBA All Star Weekend zu Los Angeles.
Spektakulären Optakt
Den éischte Match vun der Saison 2025/26 gouf direkt no duebeler Verlängerung entscheet. De Champion Oklahoma konnt sech 125:124 géint d'Houston Rockets duerchsetzen. D'Rockets hu sech am Summer mam Kevin Durant verstäerkt, zesumme mam Alperen Sengun wäerte si en interessanten Duo forméieren.
D'Golden Stats Warriors setze sech fir den Optakt mat 119:109 géint d'Los Angeles Lakers duerch. D'Ekipp ronderëm Jimmy Butler an Steph Curry huet eng ausgeglachen Ekippeleeschtung genotzt, bei de Lakers war de Luka Dončić (43 Punkten, 12 Rebounds, 9 Assists) ze vill op sech eleng gestallt. De Lebron James huet verletzungsbedéngt net matgespillt.
Leschte Saison fir de Lebron James?
De 40 Joer ale Lebron James ass weiderhin d'Gesicht vun der Liga. Hie geet an seng insgesamt 23. Saison an huet mat den Los Angeles Lakers Hoffnungen, fir nach emol ganz uewen matzespillen. Dofir brauchen d'Lakers en Luka Doncic an Toppform, de Slowen ass ee vun den Haaptkandidate fir den MVP-Titel des Saison.
NBA an Zukunft an Europa?
Diskussioune ginn et aktuell och iwwer eng Erweiderung vun der Liga an aner Länner, virun allen an Europa. Vun den 30 Ekippen an der NBA spillen der 29 an Amerika, d'Toronto Raptors sinn a Kanada situéiert. An Zukunft kéint d'Liga och eng oder méi Ekippen an Europa hunn - eng konkret Ëmsetzung vun den Iddien ass allerdéngs nach net geplangt.