Néierlage fir Madjo, Meynadier a Simon

© fiba.basketball
Um Mëttwoch an Donneschdeg waren dräi lëtzebuergesch Basketspillerinnen op europäescher Bün am Asaz.
Um Mëttwoch huet d'Dionne Madjo an der Euroleague mat Flammes Carolo eng ganz enk Partie 79:81 géint den italieeneschen Toppclub Schio verluer. Déi 18 Joer jonk Lëtzebuergerin stoung 17 Minutten um Terrain an huet 5 Punkte markéiert.
Kee gudden Dag hat Campobasso mam Anne Simon erwëscht. Doheem gouf et fir den italieenesche Club déi éischt Néierlag an der Kompetitioun, dat mat 54:76 géint Brno aus Tschechien. D'Simon konnt an 28 Minutte Spillzäit 9 Punkte schéissen. Trotz der Néierlag ass Campobasso weiderhin an enger gudder Positioun fir den nächsten Tour ze erreechen.
Um Donneschdeg huet Saarlouis mam Magaly Meynadier auswäerts 61:75 zu Riga verluer. Domat bleift d'Ekipp aus dem Saarland ouni Victoire no 3 Matcher, eng Qualifikatioun fir den nächsten Tour ass domat just nach schwéier ze realiséieren. D'Meynadier koum a 27 Minutte Spillzäit op 3 Punkten.