Den "Uniroyal"-Tuerm um Circuit vu Spa Francorchamps gëtt ofgerappt

© Speed Action TV.be
Wann de Circuit vu Spa Francorchamps gewise gëtt, sief et op enger Foto oder an engem Video, war a ganz ville Fäll och den Uniroyal-Tuerm ze gesinn.
Um Circuit de Spa-Francorchamps geet de Mount Oktober mat engem historeschen Ament lues awer sécher op en Enn. D'Ofrappaarbechte vum legendären Uniroyal-Tuerm am Beräich vun der Endurance-Boxegaass lafen op Héichtouren, dat zanter d'24-Stonne-Course vun den 2CV eriwwer ass. D’Aarbechte si mëttlerweil däitlech virukomm. Alles deit drop hin, datt dësen Donneschdeg de leschten Dag am Liewe vun dësem emblematesche Bauwierk ass.

Esou kennt een den Tuerm um Circuit vu Spa Francorchamps. Déi Vue gehéiert allerdéngs elo der Vergaangenheet un. / © Julien Delfosse / DPPI via AFP
Den Tuerm gehéiert zanter 1984 zum Paddock an ass domadder Deel vun der Geschicht vum Circuit an den Ardennen. Et war haaptsächlech eng Observatiounsplaz, technesche Supportpunkt an Treffpunkt fir Teams a Gäscht. Hei konnte Sponsoren zum Beispill hir VIP-Gäscht empfänken. Den Tuerm huet allerdéngs net méi den aktuelle Standarden entsprach an et war mëttlerweil méi eng Noutléisung wéi eng agreabel Plaz, fir Gäscht ze begréissen.
Wa bis den alen Tuerm fort ass, wäert ugefaange ginn, deen neien ze bauen, fir eng nei Ära vum Circuit anzelauden.
An deem neien Tuerm wäerten et zwou Etagë gi mat Simulatore fir Visiteuren. Et ginn dräi Etagen, fir Gäscht z'empfänken an um Daach gëtt et eng Panorama-Terrass mat Vue op d'Streck.
Dobäi kënnt dann nach eng Verbindung mat enger neier Foussgängerbréck, déi de Parking mam Paddock verbënnt.