De Rekord ass de Lëtzebuerger am 25-Meter Baseng geschwommen.

De leschte Weekend huet de Ralph Daleiden Ciufferi beim Weltcup zu Westmont am Chicago an den USA fir een neie Lëtzebuerger Rekord iwwer 100 Meter Crawl gesuergt. Hien ass am 25-Meter-Baseng e Chrono vu 47,47 Sekonne geschwommen. Domadder huet hien den nationale Rekord ëm iwwer 0,5 Sekonne verbessert an ass als éischte Lëtzebuerger ënner 48 Sekonne bliwwen. Den ale Rekord vum Julien Henx aus dem Joer 2017 louch bei 48,06 Sekonnen.

Iwwer 200 Meter Crawl ass de Ralph Daleiden Ciufferi (1:45.92) no un de Lëtzebuerger Rekord erukomm an ass als zweete Lëtzebuerger ënner dem Chrono vun enger Minutt a 46 Sekonne bliwwen. De Lëtzebuerger Rekord vum Raphael Stacchiotti (2017) läit bei enger Minutt, 45 Sekonnen a 47 Honnertstel.

De Finn Kemp war bei engem Meeting zu Manchester a Groussbritannien um Depart. Och hie kënnt den nationale Rekorder iwwer 50 Meter an 100 Meter Brasse* méi no. Iwwer 50 Meter Brasse ass de Lëtzebuerger an de Serien eng Zäit vu 27,45 Sekonne geschwommen. An der Finall huet hien no 27,65 Sekonnen als Éischten ugeschloen. Iwwer 100 Meter Brasse war et déi zweete Plaz an 59,86 Sekonnen an och iwwer 200 Meter war et déi zweete Plaz an zwou Minutten, 11 Sekonnen a 45 Honnertstel.

*Nationale Rekord 50 Meter Brasse: Laurent Carnol (2015) 27,30 Sekonnen, nationale Rekord 100 Meter Brasse: Joao Carneiro (2024) 59,47 Sekonnen.