No nëmme 5 Spilldeeg gëtt et deen éischten Trainerwiessel am nationalen Häre-Basket.

Wéi d'Résidence Walfer e Mëttwoch matdeelt huet, wäert den Dragan Stipanovich d'Ekipp net méi coachen. Hie bleift allerdéngs am Jugendberäich fir Walfer aktiv. De Stipanovich huet 2024 mat der Résidence d'Coupe gewonnen.

De Rainer Kloss huet bis elo d'Häre vum Black Star Miersch an der Nationale 2 betreit a wiesselt elo eriwwer op Walfer. D'Résidence huet d'Saison mat 2 Victoiren an 3 Defaiten ugefaangen. An der Coupe ass de Veräin och schonn eliminéiert ginn.