Zwou Woche viru sengem 30. Gebuertsdag ass de Schachgroussmeeschter Daniel Naroditsky aus den USA gestuerwen. D'Doudesursaach ass net gewosst.

Den US-amerikanesche Schachgroussmeeschter Daniel Naroditsky ass de Weekend onerwaart am Alter vun 29 Joer gestuerwen. Dat huet säi Schachclub Charlotte Chess Center en Dënschdeg matgedeelt. Iwwert d'Doudesursaach gouf näischt gesot. Och den Internationale Schachverband (Fide) huet sech op X ze Wuert gemellt, fir "hiert déifste Matleed" auszedrécken. An engem méi laangen Text um Site vum Verband ass ze liesen, datt hien e groussen Undeel doru gehat hätt, de Schach am Internet méi populär ze maachen an et géifen nëmme wéineg Leit ginn, déi virun hirem 30. Liewensjoer scho sou vill erreecht hätten.

Den Daniel Naroditsky war scho mat néng Joer schonn als Nummer 1 an den USA klasséiert a mat 18 Joer e Groussmeeschter ginn. Nieft senger Aktivitéit als Spiller war hien och als Kommentator, Streamer an Influencer bekannt. Op sengem Youtube-Kanal hat hien eng knapp hallef Millioun Abonnenten, deenen hie seng Matcher gewisen a Strategië sou wéi Rotschléi ginn huet. Hie wier immens talentéiert doran, de Leit dat komplext Spill op eng einfach Aart a Weis ze erklären, heescht et am Schreiwes vun der Fide. Donieft hat hien am Alter vu 14 Joer scho säin éischt Schachbuch publizéiert an och duerno nach als Auteur eng Rei Bicher erausbruecht.

Wat ass iwwerhaapt e Schachgroussmeeschter? 

"Et gëtt eng Wäertungszuel fir d'Schachspiller, déi ebe gerechent gëtt op d'Zuel vun de Partien, déi se gewonne respektiv verluer hunn. En normale Spiller fänkt ganz ënnen un, hei zu Lëtzebuerg ass dat bei 1.200 an dat kann dann eropgoen, wann ee vill méi wënnt wéi verléiert. Dat kann dann erop goen bis 2800. Dat ass déi grouss Well. Déi ganz grouss Spiller déi hunn esou ëm 2.800," hat de Sekretär vum Déifferdenger Schachclub "Le Cavalier" Paul Goerens dem Laurent Gillander an engem Interview 2011 erkläert.

Extrait Jean Paul Goerens (1)

Fir iwwerhaapt d'Chance ze hunn, Schachgroussmeeschter ze ginn, muss een op d'mannst op 2.500 Punkte kommen. Donieft muss een awer och sougenannten Norme maachen. "Dat heescht: Et muss een an Turnéiere matspillen, wou vill Groussmeeschtere matspillen an da muss een do e relativ héije Prozentsaz maachen. Et geet also net nëmmen duer, dass ee géint Spiller spillt, déi net esou gutt sinn. Et muss een och géint wierklech gutt Spiller confirméieren. Ënnert anerem och géint Groussmeeschter."

Extrait Jean Paul Goerens (2)