PSG mécht et no däitlecher Féierung nach emol spannend
© AFP
Um Enn gouf et eng 4:2-Victoire géint Stroossbuerg. An England hate ManUnited a Liverpool keng Problemer géint zwee Opsteiger.
An der Bundesliga ass e Samschdeg och de Ball gerullt. Hei gouf et ënnert anerem kloer Victoirë fir de BVB, Stuttgart an Hoffenheim. Den Detail fannt Dir hei.
Premier League
Manchester United - Leeds 5:1
1:0 Bruno Fernandes (30'), 1:1 Ayling (48'), 2:1 Greenwood (52'), 3:1 Bruno Fernandes (54'), 4:1 Bruno Fernandes (60'), 5:1 Fred (68')
Perfekten Optakt an déi Saison fir Manchester United. Mat dräi Goler vum Bruno Fernandes an engem ausverkaaften Old Trafford am Réck hunn d'Red Devils de Rival Leeds United mat 5:1 ofgeschoss. Mat 4 Assists war de Pogba de Mann vum Match an huet domadder och nach een neie Rekord an der Premier League realiséiert. Vun der éischter Sekonn un huet Manchester United een héijen a gëftege Pressing op d'Gäscht ausgeüübt. Vum tëschenzäitlechen Ausgläich kuerz no der Paus huet ManUnited sech net stoppe gelooss a sech ganz verdéngt um Enn déi kloer 5:1-Victoire geséchert.
E Samschdeg ass och bekannt ginn, datt den Defenseur Raphael Varane bei ManUnited ënnerschriwwen huet. De franséische Weltmeeschter wiesselt fir 50 Milliounen Euro vu Real Madrid op d'Insel an ass deen zweete grousse Wiessel nom Dortmunder Jadon Sancho (85 Milliounen Euro) an dëser Saison.
© AFP
FC Chelsea - Crystal Palace 3:0
1:0 Marcos Alonso (27'), 2:0 Pulisic (40'), 3:0 Chalobah (58')
Chelsea huet Crystal Palace um 1. Spilldag keng Chance gelooss. Géint een absolutt ënnerleeëne Géigner gouf et e verdéngten 3:0-Succès un der Stamford Bridge. Chelsea, nach ouni de Lukaku, war vun Ufank un déi besser Ekipp an huet probéiert, duerch vill Ballzirkulatioun Lächer an der kompakter Defense vun den Eagles ze fannen. Fréi gouf et dann och scho Chancen. Mat engem wonnerschéinen direkte Fräistouss huet de Marcos Alonso an der 27. Minutt de verdéngten 1:0 fir d'Lokalekipp geschoss. Nach virun der Paus konnt de Pulisic (40') op 2:0 erhéijen. Fir d'Schlussresultat huet de Chalobah an der 58. Minutt mam 3:0 gesuergt.
Norwich City - Liverpool 0:3
0:1 Diogo Jota (26'), 0:2 Roberto Firmino (65'), 0:3 Salah (74')
Fir Liverpool gouf et een Optakt no Mooss. D'Reds ware bei der 3:0-Victoire eng Nummer ze grouss fir den Opsteiger Norwich City, dee wuel mat Mutt opgetrueden ass, ma vir ze mann bruecht huet. D'Ekipp vum Klopp huet sech dogéint effektiv a wéi gewinnt mat vill Tempo an der Offensiv gewisen. D'Goler hunn den Diogo Jota, de Roberto Firmino an de Salah geschoss.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Ligue 1
OSC Lille - OGC Nice 0:4
0:1 Dolberg (1'), 0:2 Boudaoui (5'), 0:3 Gouiri (45+4', Eelefmeter), 0:4 Dolberg (64')
De Start an déi nei Saison hat ee sech zu Lille sécherlech anescht virgestallt. Nom 3:3 beim Optakt géint Metz huet de franséische Champion um 2. Spilldag mat 0:4 géint Nice de Kierzere gezunn. Direkt an der éischter Minutt war d'Ekipp vum Gourvennec duerch e Gol vum Dolberg a Réckstand geroden. Nëmme véier Minutte méi spéit hat de Boudaoui op 2:0 erhéicht. Mam 3:0 vum Gouiri Sekonne virun der Paus war d'Partie schonn decidéiert. Den Dolberg huet an der 64. Minutt mat sengem zweete Gol vum Dag fir d'4:0-Schlussresultat gesuergt.
PSG - Racing Stroossbuerg 4:2
1:0 Icardi (3'), 2:0 Mbappé (25'), 3:0 Draxler (27'), 3:1 Gameiro (53'), 3:2 Ajorque (64'), 4:2 Sarabia (86')
Och ouni de Messi an den Neymar huet et fréi am Match no enger Victoire fir de PSG ausgesinn. No Goler vum Icardi, Mbappé an dem Draxler stoung et an der Paus schonn 3:0. Nom Téi sinn d'Elsässer awer nach eng Kéier erukomm. De Gameiro an den Ajorque hunn op 2:3 verkierzt. Déi rout Kaart vum Djiko knapp 10 Minutte viru Schluss huet d'Hoffnungen op e méigleche Punktegewënn zerstéiert. De Sarabia huet dunn an der 86. Minutt mam 4:2 de Sak zougemaach.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
La Liga
Deportivo Alavés - Real Madrid 1:4
0:1 Benzema (48‘), 0:2 Nacho (56‘), 0:3 Benzema (62‘), 1:3 Joselu (65‘), 1:4 Junior Vinicius (90+2‘)