De VfB huet Fürth mat 5:1 geklappt. D'TSG huet zu Augsburg mat 4:0 gewonnen. An de BVB war Frankfurt mat 5:2 iwwerleeën.

Nodeems sech e Freideg den Owend beim Optakt vun der neier Bundesliga-Saison Gladbach a Bayern mat engem 1:1 getrennt haten, war et e Samschdeg d'Suite vum 1. Spilldag.

Borussia Dortmund huet de Match géint Frankfurt dominéiert an absolutt verdéngt mat 5:2 gewonnen. De Mann vum Match war den Haaland. Hien huet zwee Goler selwer markéiert an déi aner dräi preparéiert. Fir Frankfurt war et e weidere Match fir ze vergiessen. Am DFB Pokal war d'Eintracht schonn an der 1. Ronn géint Waldhof Mannheim eliminéiert ginn.

Stuttgart huet näischt géint Greuther Fürth ubrenne gelooss. De VfB konnt sech souverän mat 5:1 géint den Opsteiger duerchsetzen. Fir d'Lokalekipp hunn den Endö (30'), Klement (36'), Kempf (55', 76') an Al Ghaddioui (61') getraff. De Leweling huet Sekonne viru Schluss de Gol fir Fürth geschoss. Fir Stuttgart ass et déi éischt Optaktvictoire zanter 10 Joer.

Däitlech méi spannend war de Match tëscht Union Berlin a Bayer Leverkusen. Am Stadion "An der Alten Försterei" hat den Awoniyi an der 7. Minutt d'Lokalekipp mat 1:0 a Féierung bruecht. Nëmme 5 Minutte méi spéit huet den Diaby fir d'Gäscht ausgeglach. Béid Ekippen hunn duerno e weidere Gol gesicht, ma kenger Formatioun wollt dëse geléngen. Mat 1:1 ass de Match op en Enn gaangen.

Eng verdéngt, wann och knapp Victoire gouf et fir Wolfsburg. De VfL huet sech duerch e Gol vum Weghorst an der 22. Minutt mat 1:0 géint Bochum behaapt. Fir den Opsteiger hat de Match direkt schlecht ugefaangen. An der 4. Minutt war den Tesche wéinst engem Handspill mat Rout vum Terrain geschéckt ginn.

Keng Problemer hat d'TSG Hoffenheim beim 4:0 zu Augsburg. Larsen (37'), Adamyan (79'), Rutter (88') a Rudy (90+5') hu fir d'Goler gesuergt.

Keng Goler si gefall tëscht Bielefeld a Freiburg.

An England, Frankräich a Spuenien ass e Samschdeg och de Ball gerullt.

D'Resultater vum 1. Spilldag

Klickt hei, fir op den Iwwerbléck vun der Bundesliga ze kommen.

D'Tabell vun der Bundesliga