0:4-Defaite fir d'Rout Léiwinnen an Ungarn
E Freideg den Owend huet d'Lëtzebuerger Futtballnationalekipp vun den Dammen am Frëndschaftslännermatch auswäerts géint Ungarn mat 0:4 de Kierzere gezunn.
No de Goler vun der Zsofia Mayer an der Sara Pusztai war et fir d'Ungarinnen zu Budapest mat enger Féierung an d'Paus gaangen. Bannent den éischte 45 Minutte huet Lëtzebuerg zwee Mol op de géigneresche Gol geschoss, dat awer ouni Succès. An der zweeter Hallschent huet Ungarn da mam 3:0 an der 64. Minutt fir eng Virentscheedung gesuergt. Spéitstens mam 4:0 eng gutt véierel Stonn viru Schluss war dann alles kloer.
D'Rout Léiwinne spillen nach den 28. November an den 1. Dezember jeeweils ee weidere Frëndschaftslännermatch auswäerts géint Zypern.