Zum Optakt vum 11. Spilldag ass dem Racing zu Nidderkuer e Befreiungsschlag gelongen.

An enger éischter Hallschent ouni vill Golgeleeënheeten huet den Herrmann de Racing no ronn 20 Minutten a Féierung gekäppt. D'Gäscht haten nach eng weider gutt Occasioun no enger hallwer Stonn, fir de gréissten Deel hu béid Ekippe sech am leschten Drëttel awer schwéier gedoen.

Kuerz no der Paus konnt de Saban, dee schonn den éischte Gol virbereet hat, mat engem schéinen Ofschloss op 2:0 erhéijen. Bei Nidderkuer ass offensiv weiderhin net vill zesummegelaf an no 70 Minutten konnt de Ballicalioglu, nees no Virlag vum Saban, den 3:0 markéieren. Kuerz drop huet den Hend duerch e verwandelten Eelefmeter zwar nach verkierzt, fir méi sollt et awer net méi duergoen.

De Racing läit domat elo mat 9 Punkten op der 11. Plaz a ka sech virleefeg aus der Relegatiounszon befreien, wärend de Progrès Gefor leeft, den Uschloss un d'Tabellespëtzt ze verléieren.

Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.

Den Iwwerbléck vun de Resultater

Nidderkuer - Racing 1:3

0:1 Herrmann (20'), 0:2 Saban (50'), 0:3 Ballicalioglu (70'), 1:3 Hend (75', Eelefmeter)

D'Tabell