Olivier Thill mat Virlag fir Novi Beograd
© Val Wagner (Archiv)
Um Enn ass et awer just fir e Punkt géint OFK Beograd duergaangen. An der 1. Bundesliga war et e batteren Dag fir d'Lëtzebuerger.
Um Samschdeg huet Novi Beograd mam Olivier Thill 1:1 gläich géint OFK Beograd gespillt. D'Heemekipp hat an der 2. Minutt de Géigegol gefaangen. Den Thill konnt an der 11. Minutt awer d'Virlag fir den 1:1-Ausgläich bäisteieren. Um Enn sollt et bei dem Resultat bleiwen.
An der 1. Bundesliga gouf et nëmmen Defaitë fir d'Lëtzebuerger Futtballer.
St. Pauli huet zu Frankfurt mat 0:2 verluer. Den Danel Sinani stoung vun Ufank un um Terrain an huet duerchgespillt.
Den Aiman Dardari souz bei der batterer 0:6-Defaite géint Leipzig am Ufank op der Bänk, gouf an der 77. Minutt awer agewiesselt. Um Schlussresultat konnt hien näischt méi änneren, an der 89. Minutt krut de Stiermer nach déi giel Kaart gewisen.
Den Tiago Pereira war bei Gladbach net am Kader. Seng Ekipp hat an Ënnerzuel eng 0:3-Néierlag géint Bayern missen astiechen.
An der Serie B an Italien huet Venedeg mam Seid Korac duerch zwee spéit Géigegoler 2:3 auswäerts géint Carrarese verluer. De lëtzebuergeschen Defenseur stoung déi 90 Minutten um Terrain.
Beveren mam Laurent Jans ass an der zweeter belscher Liga weiderhin net ze stoppen. Mat 2:1 konnt ee sech géint Patro Eisden behaapten a bleift esou mat 10 Victoiren aus 11 Matcher ongeschloenen Tabelleleader. De Jans huet als Kapitän de ganze Match gespillt a krut no 77 Minutten eng giel Kaart.
An der ieweschter Divisioun an der Schwäiz hu Winterthur an de Marvin Martins den negative Laf un Néierlagen duerch en 2:2 géint Luzern gestoppt. De Martins huet de ganze Match fir Winterthur gespillt.
An der hollännescher Eredivisie huet Heracles sech missen 0:3 beim FC Volendam geschloe ginn. Den Yvandro Borges war bei Heracles am Kader, hie gouf awer net agewiesselt.
Freideg
Um Freideg gouf et a Saudi-Arabien en 1:1-Remis tëscht Neom an Al Khaleej. Den Anthony Moris stoung bei de Gäscht wéi gewinnt 90 Minutten tëscht de Pottoen.
Déi éischt Néierlag an der aktueller Saison gouf et fir den Dirk Carlson an der 2. Liga an Éisträich. St. Pölten huet sech zu Liefering misse mat 1:3 geschloe ginn. De Lëtzebuerger stoung de ganze Match um Terrain. An der Tabell ass St. Pölten weiderhin op der 1. Plaz mat engem Virsprong vu 5 Punkten op den Tabellenzweeten.
Eng héich 1:4-Defaite gouf et och fir de Mathias Olesen mat Greuther Fürth géint Karlsruhe. De Mëttelfeldspiller gouf an der 83. Minutt agewiesselt. Zu deem Ament stoung et 0:3.
Den Enes Mahmutovic stoung an Holland beim 3:3-Remis vun NAC Breda zu Heerenveen wéinst enger Blessur net am Kader vun de Gäscht.