Am Riseslalom hat d'Éisträicherin iwwerraschend d'Nues virum Paula Moltzan an dem Lara Gut-Behrami vir.

Déi nei Weltcup-Saison huet direkt mat enger Iwwerraschung ugefaangen. D'Éisträicherin Julia Scheib huet sech am Riseslalom zu Sölden duerchgesat a sech domadder déi 1. Victoire am Weltcup iwwerhaapt geséchert. Déi 2. Plaz goung un d'Amerikanerin Paulo Moltzan mat engem Réckstand vun 58 Honnertstel. De Podium gouf vun der Schwäizerin Lara Gut-Behrami komplettéiert. Si hat e Retard vun enger Sekonn an eelef Honnertstel op d'Gewënnerin.

Déi éischt Course bei den Hären ass och e Riseslalom an dee gëtt um Sonndeg gefuer.