Wéinst de Lännermatcher den nächste Weekend mécht de Championnat bei den Hären dës Woch eng Paus.

Axa League Dammen

An der Partie tëscht Déifferdeng an Diddeleng kruten d'Spectateuren e Samschdeg den Owend relativ wéineg Goler ze gesinn. Nodeems d'Lokalekipp sech fréi eng Avance vu 4 Goler erausgespillt hat, ass de Coupegewënner an der Suite besser an de Match komm. Trotzdeem ass et mat engem knappen Avantage fir Déifferdeng (12:10) an d'Kabinne gaangen. 
Am zweeten Duerchgang hunn d'Gäscht séier op 12:12 gestallt a louchen dunn no 36 Minutte fir d'éischte Kéier a Féierung. Et war weiderhin en ausgeglachene Match, ma eng knapp Véierelsstonn viru Schluss sinn d'Diddelengerinne a Féierung gaangen an hunn déi du bis zum Schluss gehalen. Domat setzt Diddeleng sech 22:20 zu Déifferdeng duerch an iwwerhëlt d'Tabelleféierung, dat allerdéngs mat engem Match méi ewéi de Champion Käerjeng.

Am Kellerduell kann den HC Standard géint Esch seng éischt Victoire vun der Saison feieren. Nodeems si den Allersmatch nach knapp verluer haten, louchen d'Spillerinne vum Standard an der eegener Hal schonn zur Paus mat 5 Goler a Féierung a konnte sech um Enn 27:19 behaapten.