Gladbach verléiert géint Bayern, héich Victoire fir Leipzig
© MARIUS BECKER / DPA / DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP
3 Punkte goufen et och fir Dortmund, Hoffenheim a Frankfurt. Hamburg huet géint Wolfsburg eng batter Néierlag am Tabellekeller agestach.
Gladbach huet an Ënnerzuel laang dogéint gehalen, Bayern konnt sech um Enn auswäerts verdéngt mat 3:0 duerchsetzen. D'Partie hat mat 15 Minutte Verspéidung ugefaangen, well de Bayern-Bus am Stau stoung. D'Gäscht haten och direkt an der 1. Minutt eng grouss Chance op den 1:0, den Diaz huet awer laanscht de Gol gezielt. Gladbach huet sech d'Liewen an der 19. Minutt selwer schwéier gemaach. De Castrop gouf mat enger rouder Kaart vum Terrain gesat. D'Heemekipp huet awer gutt dogéint gehalen an huet déi 1. Hallschent ouni Géigegol iwwerstanen. An der 2. Hallschent war et weiderhin eng Partie op ee Gol. An der 64. Minutt konnt de Kimmich d'Gladbacher Mauerwierk iwwerwannen an den 1:0 markéieren. Kuerz drop huet de Guerreiro fir den 2:0 gesuergt. D'Heemekipp hätt an der 75. Minutt kéinten erukommen, de Stöger konnt en Eelefmeter net am Gol ënnerbréngen. Bayern huet d'Partie an der Suite geréiert an de Karl konnt an der 81. Minutt mam 3:0 den Deckel op d'Partie maachen.
Fir den Danel Sinani a St. Pauli gouf et zu Frankfurt eng 0:2-Néierlag. An der 1. Hallschent war et eng Partie op Aenhéicht an där Frankfurt duerch de Burkardt no 36 Minutten a Féierung goung. De Golkipp vu St. Pauli hat dobäi net gutt ausgesinn. Nom Téi war Frankfurt méi staark an huet op en Neits duerch de Burkardt op 2:0 gesat. D'Gäscht hunn alles probéiert, waren no vir awer net geféierlech genuch. Et war déi 5. Defaite um Stéck fir St. Pauli.
Augsburg huet eng héich 0:6-Defaite géint Leipzig missen astiechen. D'Gäscht ware vun Ufank un hellwaakreg an hunn hir Chancë genotzt. No 22 Minutte stoung et duerch Goler vun Diomande, Romulo an Nusa schonn 3:0 fir d'Gäscht. De Baumgartner konnt virun der Paus op 4:0 erhéijen. Och nom Säitewiessel sinn d'Goler weiderhi just op enger Säit gefall. Ouédraogo a Lukeba hunn d'Goler 5 a 6 fir Leipzig markéiert. Vun Augsburg koum keng Géigewier an um Enn stoung déi héchst Heem-Néierlag an der Geschicht vum Veräin um Tableau.
Donieft war Hamburg Wolfsburg mat 0:1 ënnerleeën an Hoffenheim konnt sech souverän mat 3:1 géint Heidenheim behaapten.
Am Owesmatch huet Dortmund sech doheem géint Köln laang schwéier gedoen, um Enn konnt Schwaarz-Giel sech awer 1:0 behaapten. De BVB huet de Match zwar kontrolléiert, kloer Occasiounen si géint eng engagéiert Kölner Defense awer just seelen erausgesprongen. Déi bescht Chance huet de Guirassy kuerz nom Säitewiessel leie gelooss. An der Schlussphas huet den Hübers vu Köln sech blesséiert, nodeems d'Gäscht scho fënnef Mol gewiesselt haten. An Iwwerzuel huet de BVB den Drock dunn ëmmer weider erhéicht, soudass dem Beier an der Nospillzäit de Lucky Punch nach gelongen ass.
An England huet Chelsea iwwerraschend géint Sunderland de Kierzere gezunn. Hei fannt Dir den Iwwerbléck vun den aneren internationale Ligen.
D'Statistike vun de Matcher
Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.
D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.