Formel 1: Grousse Präis vu Mexico-City
Dräi Victoiren an de leschte véier Courssen! De Max Verstappen mécht de WM-Kampf erëm richteg spannend. McLaren steet ënnert Drock.
No sengem Heem-Grand-Prix zu Zandvoort hat de Max Verstappen 104 Punkte Retard. Et huet alles dono ausgesinn, wéi wann de McLaren-Duo Norris a Piastri de Fuerer-Titel ënnert sech ausmaache géif. Véier Coursse méi spéit gesäit d'F1-Welt awer ganz aneschters aus. De Verstappen-Retard ass op 40 Punkten zesummegeschmolt a McLaren fänkt u richteg nervös ze ginn. Am Autódromo Hermanos Rodríguez ass d'Team Papaya awer net déi eenzeg Ecurie fir déi d'Loft richteg dënn gëtt.
Well déi mexikanesch Haaptstad op ronn 2.400 Meter iwwert dem Mier läit, feelt et do ganz einfach u Loft. De mexikanesche Supporter feelt dëst Joer vläicht hire Superstar Sergio Pérez. Et däerf ee gespaant sinn, wéi sech dës Absence op d'Stëmmung am Foro-Sol-Stadion auswierkt.
Suivéiert de FORMULA 1 GRAN PREMIO DE LA CIUDAD DE MÉXICO 2025 live op RTL ZWEE an RTL PLAY.
Commentaire: Tom Hoffmann
Expert: Dominique Riefstahl
Är Froen an Äre Feedback un den Tom Hoffmann
Och dës Saison kënnt Dir wärend de Fräien Traininge mam RTL-Commentateur Tom Hoffmann kommunizéieren. Schéckt Är Froen an Äre Feedback einfach per WhatsApp op d'Nummer 621 777 888.
D'Analys vum RTL-F1-Expert Dominique Riefstahl
Zu Mexico-City ass d'Loft dënn. An dee Mangel u Loft ass extrem markant: Monaco-Flillek ergëtt Monza-Appui! D'Autoe musse manner Loft aus dem Wee raumen. Trotz Scheierpaart um Auto an trotz 25 Prozent manner Motorleeschtung sinn dowéinst 350 km/h op der Riichter méiglech. Mee Monza-Upressdrock heescht och wéineg Stabilitéit beim Bremsen. Änlech wéi zu Singapur dominéiert och am Mexiko de Besoin, alles chill ze halen – trotz nëmmen 22 °C am Duerchschnëtt. Et feelt ganz einfach u Moleküllen, déi d'Energie vun de Bremsen a Killsystemer op d'Loft iwwerdroe kënnen.
Mee och déi mënschlech Maschinn kënnt un hir Grenzen. Hypoxie suergt fir Kappwéi, schlechte Schlof, Onkoordinatioun an e konstante Manktem u Loft. Esou si Mecanicien, Ingenieuren a Piloten all kierperlech méi no un der Limitt ouni sech däers wierklech bewosst ze sinn. Clever si Piloten, déi sech tëscht Singapur an Austin an de Colorado akklimatiséiere goungen, fir besser adaptéiert ze sinn. Der Crew stoung dës Optioun net zur Verfügung - vläicht e Feeler?
Och de Pirelli-Gummi leit ënnert der dënner Loft: manner Konvektiounskillung féiert heiansdo zu engem aneren Oxidatiounsverlaf, wat d'Ofnotzung onberechenbar mécht an d'Strategie vu Mëschung zu Mëschung komplett verännere kann.
Login, fir d'Formel 1 am Stream op RTL PLAY ze kucken
Wéinst de méi strengen Anti-Piratage-Virschrëfte vun der Formel 1 sinn d'F1-Contenuen op RTL PLAY mat engem Login protegéiert. Wien d'Livestreamen an d'Replaye vun de Formel-1-Courssen op RTL PLAY kucke wëllt, muss sech mat sengem RTL-Benotzernumm a -Passwuert aloggen. Och an Zukunft brauch een awer wuelverstanen näischt fir d'Formel 1 op RTL PLAY ze bezuelen.
Programm
Fräien Training, mir iwwerdroen de Programm um RTL Play
Samschdeg, 25. Oktober 2025: 19h25 – 20h35
Commentaire: Tom Hoffmann
Expert: Dominique Riefstahl
Qualifikatioun, mir iwwerdroen de Programm um RTL Play
Samschdeg, 25. Oktober 2025:
Ufank vun der Emissioun: 22h55
Start vun der Qualifikatioun: 23h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 00h10
Commentaire: Tom Hoffmann a Serge Pauly
Expert: Dominique Riefstahl
Course, mir iwwerdroen de Programm um RTL Play
Sonndeg, 26. Oktober 2025:
Ufank vun der Emissioun: 20h15
Depart vun der Course: 21h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 0h30
Commentaire: Tom Hoffmann a Serge Pauly
Expert: Dominique Riefstahl
Saison-Kalenner 2025
24. bis 26. Oktober: FORMULA 1 GRAN PREMIO DE LA CIUDAD DE MÉXICO 2025
Autódromo Hermanos Rodríguez - Mexico
7. bis 9. November: FORMULA 1 MSC CRUISES GRANDE PRÊMIO DE SÃO PAULO 2025
Autódromo José Carlos Pace - Brazil
21. bis 24. November: FORMULA 1 HEINEKEN LAS VEGAS GRAND PRIX 2025
Las Vegas Strip Circuit - Las Vegas
28. bis 30. November: FORMULA 1 QATAR AIRWAYS QATAR GRAND PRIX 2025
Lusail International Circuit - Qatar
5. bis 7. Dezember: FORMULA 1 ETIHAD AIRWAYS ABU DHABI GRAND PRIX 2025
Yas Marina Circuit - Abu Dhabi