Joresberichter goufen all ouni iergendeng Diskussioun ugeholl
© Serge Olmo
D'FLF hat e Samschdeg de Moien am Lënster Lycée op déi 107. Editioun vun hirem Kongress invitéiert.
Dëse Kongress huet ronn esou laang wéi e Futtballmatch gedauert, an zwar 90 Minutten. Et war deemno e rouege Kongress.
De President Paul Philipp huet seng Aussprooch gehalen, wou hie verschidden Themen an d’Vitrinn gesat huet.
D’Felicitatioune si virop op d’Doublégewënner bei den Dammen an Häre gaangen, an zwar un de Stater Racing an un den FC Déifferdeng. Déi gutt a manner gutt Momenter vun der Nationalekipp goufen natierlech och ugeschwat.
Erausgehuewen huet hien och d’Finall vun der Coupe du Prince, wou ronn 1.800 Spectateure present waren.
De President huet iwwert de mouvementéierte Summer geschwat an d’Affär Rodrigues. Hien huet zouginn, datt d’Situatioun an d’Dynamik deemools ënnerschat goufen. Eng Ethikkommissioun gouf zu där Zäit ugeschwat.
De Paul Philipp huet och dem ex Nationaltrainer Luc Holtz Merci gesot fir seng Aarbecht iwwert déi laang Period vu 15 Joer.
De laangjärege President Philipp ass op de Strategieplang 2022-2026 agaange mat am Fokus dem Fraefuttball, d’Infrastrukture vun der Futtballschoul zu Monnerech an de Merchandising. De Chiffre d’affaire beim Merchandising ass bal bei enger Millioun Euro. Erausgepickt gouf, datt bis elo iwwer 10.000 Trikote verkaf goufen, wat weist, wéi populär d’Nationalekipp ginn ass. Den Invest am Kontext Infrastrukturen zu Monnerech ass zanter dem Ufank 17,5 Milliounen €, déi all subventionéiert goufen oder ginn.
2.400 éischt Lizenzen an deemno Jonker tëscht 15 bis 18 Joer stinn de Weekend um Terrain, wat de Paul Philipp ënnerstrach huet a frou mécht.
De President vum Comité Olympique Michel Knepper ass ënner anerem op de Punkt vun der Ethikkommissioun agaangen an huet ënnerstrach, datt déi Kommissioun net nëmme fir de Futtball aktuell wier, mee allgemeng. An den nächste Woche soll do e konkrete Point gemaach ginn.
Och de Sportminister Georges Mischo ass op d’Ethikkommissioun agaangen a wëll resolut no vir kucken. Déi Ethikkommissioun soll och onofhängeg sinn. Der Georges Mischo huet och matdeelt, datt d’Reform vum Subsid Qualité Plus wäit fortgeschratt ass.
D'Joresberichter goufen all ouni iergendeng Diskussioun ugeholl.
Finanziell gouf mat engem totale Benefice vu ronn 56.600€ ofgeschloss fir 2024-2025. De Bilan gouf unanime ugeholl vun den 101 Veräiner, déi present waren. De Budget 2025-2026 ass mat engem Benefice vu ronn 50.000€ geplangt.
Och dee Punkt gouf unanime ugeholl.
Een neit Reglement gouf och ouni Diskussioun guttgeheescht, an zwar geet et do drëms, datt en Transfert ganz muss bezuelt sinn, éier e Spiller kann agesat ginn. Dat Reglement ass vun der Saison 2026-2027 un en Vigueur.
De President Paul Philipp huet deemno op e ganz onproblematesche Kongress zeréck gekuckt.
"Ech fannen, dass et e flotte Kongress war. Och déi zwee Riedner, de President vum Comité 'Olympique an och de Sportsminister hu flott Saache gesot. An do mengen ech e Kongress, dee preparéiert sech jo och. Et ass jo net, dass mir eis eemol d'Joer mat de Veräiner treffen. Ech mengen déi Reuniounen, déi reegelméisseg Reuniounen, déi mer hunn, déi hëllefen enorm. An ech mengen et ass och do, wou heiansdo d'Problemer diskutéiert ginn, déi da spezifesch méi déi Leit concernéieren, déi do sinn. An dann an engem Kongress ass am Fong, sou gesinn ech et ,en Treffe vum gesamte Lëtzebuerger Fussball."
© Serge Olmo