A Spuenien gouf et donieft e geckege Remis tëscht Girona an Oviedo.

An der Bundesliga huet sech Bayern ënner anerem zu Gladbach duerchgesat. Hei fannt Dir den Iwwerbléck iwwer d'Resultater.
Fir d'Lëtzebuerger Futtballer an Däitschland war et dobäi awer kee gudden Nomëtteg, et goufe just Defaiten.

Premier League

Chelsea - Sunderland 1:2
1:0 Garnacho (4'), 1:1 Isidor (22'), 1:2 Talbi (90+3')

Chelsea war an der 1. Hallschent déi dominant Ekipp um Terrain a konnt duerch de Garnacho fréi a Féierung goen. Géint de Spillverlaf hunn d'Gäscht duerch den Isidor no iwwer 20 Minutten awer ausgeglach. D'Blues waren net geschockt an hu weider no vir gespillt. D'Chancëverwäertung war um Samschdeg awer de groussen Nodeel bei Chelsea. Och nom Téi wollt de Ball net eragoen. An der Nospillzäit vun der Partie gouf dat vu Sunderland bestrooft. No enger vun de raren offensiven Aktiounen huet den Talbi den 2:1 fir d'Gäscht markéiert. D'Gäscht stinn domadder aktuell iwwerraschend an den Top 3 an der Tabell.

Manchester United - Brighton 4:2
1:0 Cunha (24'), 2:0 Casemiro (34'), 3:0 Mbeumo (61'), 3:1 Welbeck (74'), 3:2 Kostoulas (90+2'), 4:2 Mbeumo (90+7')

Manchester United confirméiert déi verbessert Form aus de leschte Wochen a gewënnt déi 3. Partie hannerteneen. Duerch e präzisen Ofschloss vum Cunha an en ofgefälschte Schoss vum Casemiro louchen d'Red Devils schonn no enger gudder hallwer Stonn 2:0 a Féierung. Trotz dem 3:0 vum Mbeumo konnt Brighton de Match an der Schlussphas nach eemol spannend maachen, mat engem weidere Gol huet den Mbeumo senger Ekipp awer d'Victoire geséchert.

Brentford - Liverpool (21:00 Auer)

Serie A

Parma - Como 0:0

Zu Parma hunn d'Spectateure keng Goler gesinn. D'Heemekipp hat an den éischte 60 Minutte méi vum Match, konnt hir Chancen awer net notzen. D'Gäscht si mat der Stonn méi staark ginn, waren awer och net konsequent virum Gol. Um Enn goufen d'Punkte gedeelt.

Neapel - Inter Mailand 3:1
1:0 De Bruyne (33', Eelefmeter), 2:0 McTominay (54'), 2:1 Calhanoglu (59', Eelefmeter), 3:1 Anguissa (67')

No der desolater Néierlag zu Eindhoven ënnert der Woch huet Neapel sech an der heemescher Liga vun enger besserer Säit gewisen a sech 3:1 géint Inter duerchgesat. D'Visiteuren haten zwar méi Geleeënheeten an hunn ënner anerem zweemol d'Aluminium getraff, den aktuelle Champion war awer méi effizient a kann domat d'Tabelleféierung iwwerhuelen.

Ligue 1

Brest - PSG 0:3
0:1 Hakimi (29'), 0:2 Hakimi (39'), 0:3 Doué (90+6')

Et war eng dominant 1. Hallschent vu Paräis zu Brest. D'Ekipp vum Luis Enrique hat phaseweis 80 Prozent Ballbesëtz an huet Brest net an d'Spill komme gelooss. Den Hakimi konnt mat 2 Goler fir d'2:0-Pauseféierung suergen. Nom Téi hunn d'Gäscht et roueg ugoe gelooss a Brest huet sech och Méiglechkeeten erausgespillt. Den Doué sollt mat sengem Gol an der Nospillzäit fir d'Schlussresultat suergen. Et war eng verdéngte Victoire fir de Favorit.

Lens - Marseille (21:05 Auer)

La Liga

Girona - Real Oviedo 3:3
0:1 Vinas (38', Eelfmeter), 0:2 Rondon (58'), 1:2 Stuani (64', Eelefmeter), 2:2 Ounahi (83'), 3:2 Stuani (90', Eelefmeter), 3:3 Carmo (90'+7)

No enger geckeger 2. Hallschent gouf et en 3:3-Remis tëscht Girona an Oviedo. D'Gäscht ware besser an d'Partie komm a konnten duerch de Vinas a Féierung goen. Nom Säitewiessel konnt de Rondon esouguer op 2:0 erhéijen. D'Heemekipp ass an der Suite erwächt an huet et fäerdegbruecht d'Partie komplett ze dréinen. De Stuani mat 2 Eelefmeteren an den Ounahi hu fir d'3:2-Féierung gesuergt. Oviedo huet net opginn a konnt an der 7. Minutt vun der Nospillzäit nach ausgläichen. Duerch de Remis bleiwe béid Ekippen awer op de leschte Plazen an der Tabell.