Puigdemont: Repressiounen duerch Madrid mussen eriwwer sinn
Bei de Regionalwahlen a Katalounien hunn d'Separatisten hir absolut Majoritéit verdeedegt.
Déi dräi Parteien, déi sech fir eng Ofspléckung vu Spuenien staark maachen, kommen op 70 vun 135 Sëtz am Regionalparlament. Notamment d'Allianz, ronderëm den ofgesate Regionalpresident Carles Puigdemont huet, anescht wéi d'Ëmfroen et viraus gesot haten, ganz gutt ofgeschnidden.
E klore Richtungswiessel gëtt et also net. D'Onofhängegkeetsgéigner hunn déi absolut Majoritéit iwwerraschend däitlech verpasst. Trotzdem geet déi liberal Partei Ciudadanos als stäerkste Kraaft ervir, an domat als eigentleche Wahlgewënner. Ciudadanos ass strikt géint e Lassléise vu Madrid. Eng historesch Defaite gouf et iwwerdeems fir d'Partei vum spuenesche Premier Mariano Rajoy. De Partido popular koum just op 4 Sëtz am Regionalparlament.
D'Situatioun gëllt no de Neiwahlen als net manner verfuer ewéi virdrun. D'Koalitiounsverhandlunge dierfte schwiereg ginn, well et notamment och bannent dem Separatistecamp grouss Meenungsdifferenze gëtt.
Dem spuenesche Ministerpresident Rajoy säi Plang, d'Onofhängegkeetsbestriewungen ze schwächen, ass net opgaangen.
Fir d’Staatskris a Spuenien an de Grëff ze kréien, fuerderen elo eng Rei Europadeputéiert Zougeständnisser vun der spuenescher Regierung zu Madrid. D’Katalane sollte méi Rechter kréien.
Den däitschen Europadeputéierten Jo Leinen proposéiert do zum Beispill, déi spuenesch Verfassung ze reforméieren, fir dem Misär en Enn ze setzen.
Puigdemont: Repressiounen duerch Madrid mussen eriwwer sinn
A sengem Exil zu Bréissel huet den ofgesate katalanesche Regional-Chef Carles Puidgdemont ënnerstrach, dass nom Vote vun en Donneschdeg d’Zäit vun der Repressioun duerch Madrid eriwwer misst sinn. Et wier elo um Dialog an hie perséinlech wier bereet, fir de spuenesch Premier Rajoy ze gesinn, fir no enger konstruktiver Léisung ze sichen. Déi praktesch Zukunft ass duerch d'Entscheedung vun de Bierger markéiert, duerch déi géif ee weiderkommen. Hie wier ganz gespaant op d'Reaktioun vun der spuenescher Regierung vis-à-vis vum Resultat, esou de fréiere Regionalpresident.
Rajoy: Verhandelunge just op d'Basis vum Gesetz
De spuenesche Premier Mariano Rajoy relativéiert de Succès vun de Separatiste bei den Neiwahlen a Katalounien.
Déi Parteien, déi sech fir d'Trennung vu Katalounien a Spuenien asetzen, hätte ganz kloer Stëmme verluer, zwar manner wéi gehofft, mä si hätte verluer, esou de konservative Regierungschef am fréie Freideg Nomëtteg zu Madrid.
De Separatisten, déi en Dialog mat Madrid fuerderen, huet hien iwwert dee Wee matgedeelt, datt ee just op Basis vum Gesetz géif verhandelen.
De fréieren Regionalpresident Carles Puigdemont, deen nach ëmmer zu Bréissel am Exil ass, hat gefuerdert, ausserhalb vu Spuenien mam Mariano Rajoy ze verhandelen. Dat well de spuenesche Premier awer net.
Verlaf vun de Wahlen um Donneschdeg
© AFP
No den éischten Héichrechnungen hat et ausgesinn, wéi wann déi lénksnationalistesch ERC, mam separatistesche Spëtzekandidat Oriol Junqueras tëscht 34 a 36 Sëtzer géif kréien. Zweetstäerkste Partei wier d'Ciudadanos, vun der Onofhängegkeets-Géignerin Inés Arrimadas, mat 34 bis 37 Sëtzer an op d'Plaz dräi wier d'JuntsXCat vum ofgesate Regionalpresident Carles Puigdemont mat 28 bis 29 Sëtzer komm. Fir eng Majoritéit am Parlament ze kréien, misst eng Partei oder eng Koalitioun op 68 Sëtz kommen. Dëser Héichrechnung no, déi duerch e Sondage bei ronn 3.200 Wieler gemaach gouf, kéimen déi dräi Parteien, déi sech fir d'Onofhängegkeet asetzen, op 71 Sëtz.
Géint 21.22Auer huet d'Bild e bëssen anescht ausgesinn. Do war et d'Partei vum Puigedemont an d'Cuidadanos, déi géint eng Onofhängegkeet ass, béid bei ronn 35 Sëtz, esou schreift El Pais. D'ERC géif zu deem Ament op 33 Sëtz am Parlament kommen. Zu deem Ament ware 7,7 Prozent vun de Stëmmen ausgezielt, wéi et heescht wier datt knapp hallef esou vill, wéi bei de leschte Wahlen zu der selwechter Zäit. Dat kann awer och dru leien, datt ronn 81 Prozent vun de legale Wieler, ronn 4,5 Millioune Leit, hir d'Recht an Usproch geholl hunn, fir dësen Donneschdeg virun d'Urn ze trieden an hir Stëmmen ofzeginn. Dës Zuel u Wieler ass net nëmme fir d'Regioun e Rekord, ma déi héchste Participatioun, déi et je am Land gouf... Domadder gouf de Rekord vun 1982 ofgeléist, bei deem bei nationale Wahlen 79,9 Prozent vun de Spuenier un d'Urn getruede sinn.
Dono ass et mam Ausziele séier gaangen. Bei 34 Prozent, an der Moyenne vun alle Wahlbüroen an der Regioun, hat d'Partei vum Puigdemont a puncto Sëtzer weider d'Nues vir, ma awer 36.000 manner Stëmmen, wéi d'Uniouniste Partei Cuidadanos, sou offiziell Zuelen um 21.53Auer.
Bei iwwer 52 Prozent, dat géint 22.20 Auer, huet et drop higedeit, datt Cuidadanos géif op 35 Sëtz kommen, ee méi, wéi d'JuntsXCat an dräi méi wéi d'ERC. Déi extrem Lénks CUP, wéi och d'PP hätten zu deem Ament awer 6 respektiv 7 Sëtz par Rapport vun de leschte Wahle verluer a géifen als grouss Verléierer erausgoen. Ciudadanos hätt bei eppes iwwer 2,2 Millioune Wahlziedelen, déi ausgezielt goufen, eng Avance vun 71.000 Stëmmen op d'Partei vum ofgesate President Puigdemont.
Kuerz virun 23 Auer ware 84 Prozent ausgezielt. Cuidadanos hätte 25,45 Prozent vun de Stëmmen a géife 36 Sëtz kréien. Fir JuntsxCAT wieren et 21,7 Prozent a 34 a fir d'ERC 21,43 Prozent an 32 Sëtz. Zesumme mat der CUP, déi sech och fir d'Trennung asetzt, kéimen d'Separatisten op 70 Sëtz an hätten domadder zwee Sëtz méi, wéi se fir d'Majoritéit bräichten an dat, obwuel se zesummen net 50 Prozent vun de Stëmme kritt hunn. Bei 90 Prozent, ronn 10 Minutte méi spéit, gouf et kee Changement vum Resultat.
Wéi d'Zuele vu knapp 94 Prozent publizéiert goufen, datt um 23.06 Auer, hu sech d'Separatisten als Wahlgewënner deklaréiert a gefuerdert, datt déi inhaftéiert Regionalpolitiker géife fräigelooss ginn. Wat d'Sëtz betrëfft gouf et keng Verännerung, par Rapport vu 84 Prozent, ma d'Prozentzuele an d'Zuel vun de Stëmme hunn nach liicht Variéiert. Esou bleift et dobäi, Cuidadanos, déi sech fir e Matenee mat Spuenien asetzen, si wuel stäerkste Partei, ma déi dräi Parteien, JuntsxCat, ERC an CUP, déi sech fir d'Separatioun sinn, kommen zesummen op 70 Sëtz, wat duergeet, fir d'Majoritéit am Regionalparlament ze hunn.
Um 23.30 Auer hunn nach knapp 2,5 Prozent vun de Stëmmziedele gefeelt an d'Separatiste si bei hire 70 Sëtz bliwwen an d'Cuidadanos war och stäerkste Partei. Alles huet drop higedeit, datt et esou, mat vläit ganz liichte Schwankungen an de Prozenter, kéint ausgoen.
© elpais.com
Op d'Regioune gekuckt haten d'Separatisten zu Giron an zu Lleida d'Nues wäit vir, dat 63,7 respektiv 64,2 Prozent. Zu Tarragona koume si op 49,5 Prozent an am schlechsten ofgeschnidden hu se ronderëm an zu Barcelona, wou si 43,9 Prozent vun de Stëmme kritt hunn. Am Gesamte géif dat fir si 47,5 Prozent vun de Stëmme maachen an awer hätte si 2 Sëtz méi, wéi se fir eng Majoritéit am Regionalparlament bräichten.
Obwuel nach 1,5 Prozent vun de Stëmmen auszeziele waren, géint 23:48 Auer wat um Resultat näischt méi entscheedent ännert, huet sech Inés Arrimadas, Leader vun Cuidadanos, virun de Mikro gestallt. Hir Partei ass kloer als Wahlgewënner erausgaangen, ma d'Separatisten hunn awer déi meeschte Sëtz kritt. Zesumme mat den anere Membere vun der Partei wéilt si sech dowéinst elo am Regionalparalament dofir asetzen, datt Katalounien eng Regioun fir all d'Kataloune géif bleiwen a si géifen deen Optrag vun de Leit och unhuelen.
© El Pais
Zu deem Moment hat hir Partei esouguer nach ee Sëtz bäigewonnen, dee si der PP vum spuenesche President Rajoy ofgeholl hat. Ma um Ausgang tëscht Separatisten an Uniouniste sollt datt näischt méi änneren. D'Separatiste kéimen op 70 Sëtz, déi neutral Partei Catcom op 8 an d'Parteien, déi weider a Spuenien wëlle bleiwen, hätte 57 Sëtz.
Um Mëtternuecht ass de Carles Puigdemont, deen aktuell gutt Chancen huet, fir nees Regionalpresident ze ginn, virun de Mikro getrueden. Fir hie war kloer, datt d'Republik Katalounien bei dëse Wahlen de Gewënner wier an datt de Schachzuch vun der spuenescher Regierung net funktionéiert hätt. D'Wahle goufen ofgehalen, fir datt d'Uniouniste gewannen, wat awer net passéiert ass. Wann d'Katalounen elo zesummenhalen, da kann een déi gemeinsam gesaten Ziler, mat Spuenien an och mat Europa, erreechen. Well och d'Regioun Katalounien hätt d'Recht drop, fir ugehéiert ze ginn, sou de Puigdemont a senger Usprooch vu Bréissel.
Virun de Wahlen hat de Carles Puigdemont, deen aktuell nach zu Bréissel am "Exil" sëtzt, ugekënnegt, datt hien am Fall vun enger Victoire géif zeréck op Barcelona kommen. An deem Moment riskéiert hien awer, vun de spueneschen Autoritéite verhaft ze ginn, well, obwuel den europäesche Mandat d'arrêt géint hien opgehuewe gouf, ass deen a Spuenien awer weider bestoe bliwwen.
Déi ganz Serie am Iwwerbléck
© AFP
Serie Katalounien (1): An der schwéierster politescher Kris a Spuenien gëtt gewielt
Serie Katalounien (2): Um Donneschdeg gëtt gewielt, puer Parteicheffen am Prisong
Serie Katalounien (3): Um Wahldag - Lëtzebuerger zu Barcelona
Serie Katalounien (4): D’Stëmmung zu Barcelona an am Ëmland ass gespléckt
Serie Katalounien (5) Ass d'Regioun op eng Onofhängegkeet virbereet?