All zwee Joer, organiséiert vum Film Fund Luxembourg an der Filmakademie, ginn am Groussen Theater an der Stad d'Gewënner vum Lëtzebuerger Filmpräis ausgezeechent.

A 14 Kategorië gouf déi Kéier gewielt mat am ganze 66 Nominatiounen. Bei der 11. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis sinn di bescht artistesch Leeschtungen aus de leschten zwee Joer ausgezeechent ginn.

"Kreativ gesinn ass et wierklech amgaangen enorm ze bougéieren. Dat gesäit ee well d'Qualitéit war ganz, ganz héich dëst Joer", sou den President vun der Filmakademie Fred Neuen.

Dausende vu Leit schaffen hei zu Lëtzebuerg an der Filmindustrie, hannert oder virun der Kamera. Et ass e Secteur, dee sech weider entwéckelt an och international ëmmer méi Unerkennung kritt.

"Hors d'Haleine" vum Eric Lamhène gouf am Ganzen zweemol ausgezeechent. Déi meeschte Präisser vum Owend, véier un der Zuel, ware fir "Läif a Séil" vum Loïc Tanson.
 
D'Gewënner vum Owend

Beschten Zenario:
Eric Lamhène, Rae Lyn Lee fir Hors d’Haleine

Bescht Filmmusek:
André Dziezuk fir Fox and Hare save the Forest

Bescht kreativ Contributioun: Animatioun
Stéphane Lecocq fir Stitch Head

Bescht kreativ Contributioun : Fiktioun oder Documentaire
Nikos Welter fir Läif a Séil

Bescht Schauspillerin:
Sophie Mousel fir Läif a Séil

Beschte Schauspiller:
Timo Wagner fir Läif a Séil

Bescht Serie oder Transmedia Produktioun: Animatioun
Dino Mite

Bescht Serie oder Transmedia Produktioun: Fiktioun oder Documentaire
Marginal

Beschte Kuerzfilm: Fiktioun, Animatioun oder Documentaire
Linda, Linda! vum Kiyan Agadjani

Präis vun der Press (vun der ALPC iwwerreescht):
Läif a Séil vum Loïc Tanson

Bescht Koproduktioun: Animatioun
Stitch Head

Bescht Koproduktioun: Fiktioun oder Documentaire
All We Imagine as Light vum Payal Kapadia

Beschte Lëtzebuerger Film: Fiktioun, Animatioun oder Documentaire
Hors d‘Haleine vum Eric Lamhène

Bescht immersiivt Wierk:
Ceci est mon coeur