Déi europäesch Vertrieder hätten an de finale Rapport vun der Weltklimakonferenz keng gréisser Ziler kënnen integréieren, esou den Ëmweltminister.

Serge Wilmes vun der COP30

Mat ronn 20 Stonne Retard huet a Brasilien déi lescht Reunioun op der Weltklimakonferenz ugefaangen. D‘Negociatioune ware bis zum Schluss schwiereg, esou datt dës COP30 net wéi geplangt scho gëschter konnt ofgeschloss ginn. Elo läit awer e Kompromësstext um Dësch.
 
Dem Lëtzebuerger Ëmweltminister Serge Wilmes no wier bei dëser COP allerdéngs kloer ginn, datt d‘Weltgemeinschaft just nach kapabel ass, e klenge Schrëtt op d‘Säit ze maachen, mä kee grousse Sprong méi no vir. D‘Europäesch Unioun krut sech nämlech net duerchgesat, fir eng Feuille de route festzeleeën, wéi ee vun de fossillen Energië wëll ewechkommen.
 
„Dat ass kloer net dat, wat d'Europäesch Unioun gäre wollt hunn. Et ass och kee Plang domadder verbonnen. A wat och net drasteet, ass e Plang fir och d'Ofholzung weltwäit an de Réckgang vun de Bëscher ze stoppen. Och do ass kee Plang dran. Just eng kuerz Erwänung. Wat d'Europäesch Unioun trotzdeem fäerdegbruecht huet: Als Weltgemeinschaft mussen all eenzel Länner reegelméisseg hir Klimapläng eraginn an déi mussen an Zukunft méi ambitionéiert ausgesinn. A si mussen dem Zil kënne gerecht ginn, fir déi 1,5 Grad nach ëmmer a Reechwäit ze halen. Dat hu mer scho mat erabruecht, mä et ass net déi Ambitioun, déi mir gär gehat hätten. Dat musse mer ganz kloer agesinn als Europäesch Unioun, datt eis dat net gelongen ass.“
 
Dëst wier den absolutte Minimum, an et géif och bedeiten, datt een net an där Vitess géif weiderkommen, wéi een dat misst. Op där anerer Säit gëtt de Serge Wilmes ze bedenken, datt déi Weltkonferenze weiderhi gebraucht géifen, fir um Enn vum Joerhonnert éischter bei 2,3 Grad global Äerderwiermung unzekommen amplaz bei 3 oder 4 Grad.