Honnerte Rietsextreem marschéieren duerch Madrid
© AFP/Thomas COEX
Kuerz nom 50. Doudesdag vum spueneschen Diktator Francisco Franco sinn e Freideg den Owend honnerte Rietsextreem duerch Madrid marschéiert.
Memberen a Sympatisante vun der faschistescher Falange-Organisatioun sinn e Freideg vum Haaptquartéier vun der konservativer Vollekspartei PP zum Sëtz vun der regéierender sozialistescher Partei PSOE marschéiert, sou Reporter vun der Noriichtenagence AFP. Op der Plaz goufe si vun engem groussen Dispositiv vun der Police empfaangen.
Der Zentralregierung zu Madrid no hu ronn 700 Leit un der Marsch deelgeholl. Fir e Samschdeg gouf an der spuenescher Haaptstad zu engem weidere Rassemblement opgeruff.
D'Protester vun de Rietsextreeme riichte sech géint déi 1978 ugeholl a vun hinnen ofgeleent spuenesch Verfassung, déi den Iwwergang vu Spuenien zu enger Demokratie nom Doud vum Franco am Joer 1975 gefestegt hat. Ënnert anerem si bei der Demonstratioun Parole wéi "National Eenheet" an "PSOE, PP, et ass den nämmlechte Krich", genannt ginn. Ze gesi waren och faschistesch Gesten a Fändelen aus der Franco-Zäit.
D'Falange verseet sech als Nofollgerin vun der faschistescher Partei (ënnert dem nämmlechten Numm), déi de Franco wärend dem brutale Biergerkrich tëscht 1936 an 1939 un d'Muecht bruecht hat. D'Demonstratioun war een Dag nom 50. Doudesdag vum Franco. Geduecht gouf och dem Falange-Grënner José Antonio Primo de Rivera, deen och op engem 20. November gestuerwen ass.
50 Joer nom Doud vum Franco huet Spuenien nach ëmmer mat de Suitte vun der Diktatur, déi knapp 40 Joer gedauert huet, ze kämpfen. D'Gesellschaft ass weiderhi gespléckt. Rezent war de Franco nees bei der spuenescher Jugend populär ginn. Eng bedeitend Minoritéit vun de Spuenier huet éischter e positiivt Bild vun der Diktatur.