En Donneschdeg de Moien ass e Medezin-Student zu Nanzeg um Bord vun der Autobunn A33 dout fonnt ginn.

Wéi et e Samschdeg vum Parquet heescht, wieren d'Ëmstänn vu sengem Doud nach onkloer.

D'Affer, gebuer am Joer 2006, huet an der Géigend vun der Plaz vum Ongléck gelieft. D'Läich vum Student war um Bord vun der A33 no bei der Sortie, déi bei d'Univertéitsklinik féiert, fonnt ginn.

Wéi et vun der stellvertriedender Procureur vun Nanzeg, Clara Ziegler, géintiwwer der AFP heescht, wier de Mann zu Fouss vun engem Studentenowend um Wee fir Heem gewiescht. Si huet domadder d'Infoe vu France 3 Lorraine confirméiert.

Weider sot si, datt eng Plastikstut, déi um Owend selwer an engem Shuttle-Bus verdeelt gi wieren, op sengem Kapp gewiescht wier, ouni awer zougezunn ze sinn. Den Enquêteuren op der Plaz no kéint et zu enger Kollisioun mat engem Gefier komm sinn, sou nach d'Ziegler. Eng Autopsie gouf ordonéiert an eng Enquête an d'Weeër geleet.

Enger Source vun der Police no soll d'Affer eng Blessur um Kapp gehat hunn.