Op d'mannst 55 Doudeger duerch Iwwerschwemmungen an Äerdrutscher
© AFP
No deeglaangem Reen am Vietnam ass d'Zuel vun den Affer duerch d'Iwwerschwemmungen an Äerdrutscher op iwwer 50 geklommen.
Zanter e Sonndeg (16.11.25) wieren a sechs Provënzen op d'mannst 55 Leit ëm d'Liewe komm, dat huet den Ëmweltministère e Samschdeg matgedeelt. D'Sich no 13 Vermësste geet iwwerdeems virun.
Am stäerkste betraff war d'Provënz Dak Lak mat méi wéi 24 Doudeger. Och um Samschdeg waren nach ëmmer Autobunnen duerch d'Waasser blockéiert an 300.000 Stéit hate kee Stroum.
Zanter Enn Oktober ass et am Süden an am Zentrum vum Vietnam ëmmer nees zu staarkem Ree komm. Beléift Touristeplazen un der Küst si schonn e puer Mol iwwerschwemmt ginn. An der Küstestad Nha Trang sinn dës Woch ganz Quartieren iwwerschwemmt ginn. An der Regioun ëm d'Touristestad Da Lat huet de Reen déidlech Äerdrutscher ausgeléist.
Zanter e Freideg ginn d'Waassermasse lues zeréck. Staatlech Medien hunn awer gemellt, datt nach ëmmer Leit vun Diech an aus Beem géife gerett ginn.
Am Vietnam kënnt et an der Reenzäit tëscht Juni an November dacks zu Wiederen. Duerch de Mënsch verursaachte Klimawandel ginn extrem Wiederphenomener méi heefeg a méi extrem. Bis Enn Oktober goufen am Zesummenhang mat Naturkatastrophen am Vietnam den Autoritéiten no 279 Doudeger oder Vermësster gezielt.