E méiglecht Enn vum Krich an der Ukrain dierf net iwwert deenen hire Kapp ewech decidéiert ginn, esou de Lëtzebuerger Ausseminister am RTL Interview.

Xavier Bettel Statement Ukrain

International Grenze kënnen net einfach mat Gewalt geännert ginn, an egal wéi e méigleche Fridden am Ukrain-Krich negociéiert gëtt, misst d‘Ukrain mat um Dësch sëtzen, esou den Ausseminister Xavier Bettel e Samschdeg an engem Statement. Hie géif all Effort begréissen, deen an d‘Richtung vun engem Enn vum Krich geet, deemno och d‘Initiativ vun den USA. Ma am proposéierten US-Friddensplang géifen, dem Xavier Bettel no, Saachen drastoen, déi verständlecherweis fir d‘Ukrain net z‘akzeptéiere wieren.
 
„Et ass wierklech ganz, ganz, ganz komplizéiert. Wéi ëmmer hunn ech d'Gefill, dass d'Europäesch Unioun virun der Dier steet, dat heescht d'Amerikaner do probéieren eppes ze negociéieren an d'Europäer da wäerten déi nächst Rechnung bezuelen, sou lues fänken se un awer op d'Nerven ze goen. An de Prinzip sollt sinn, näischt iwwert d'Ukrain ouni d'Ukrain an eigentlech hunn ech d'Gefill, wéi wann do sou éischter en Diktat wier, deen d'Ukrainer géife kréien. Ech hoffen, dass déi nächst Deeg mat sech bréngen, dass d'Ukrainer an och eng Rëtsch vun europäesche Länner Drock kënne maachen op de President Trump, fir dass ee méi verstänneg Positioune ka kréien, keng Belounung am Fong fir Russland an eng Humiliatioun och fir d'Ukrainer."
 
Änlech huet sech och den däitsche Regierungschef Friedrich Merz geäussert. Kricher kéinten net iwwert de Kapp vun de concernéierte Länner ewech op en Enn bruecht ginn. An och d‘EU misst hiren Accord ginn. Sollt d‘Ukrain dëse Krich nämlech verléieren an eventuell kollabéieren, hätt dat och Repercussiounen op déi ganz europäesch Politik, voire de ganzen europäesche Kontinent, esou de Friedrich Merz.