Neien Exploitant gesicht
De Grupp Artea wäert den Hôtel des Postes wuel fäerdeg bauen, mee net exploitéieren.
Am Abrëll 2022 huet d’Direktioun vun der Post d’Reaffektatioun vum fréiere Stater Postgebai annoncéiert, dat jo e ganz schicken Hotel wäert ginn. Den Ëmbau gëtt, am Respekt vu Patrimoine an Nohaltegkeet, zesumme mam franséische Groupe Artea gemaach, deen den Hotel dann och sollt exploitéieren. Deen Deel vun dësem Accord ass elo awer geplatzt.
Wien huet eng ganz Rei Milliounen ze vill, a Loscht, an d’Welt vun de Luxushotelen anzedauchen? D’Lëtzebuerger Post sicht nämlech een, dee sech fir de Stater Bijou um Hamilius intresséiert, fir den Hospitality-Business hannert den historesch wäertvolle Maueren. Dat wat Artea, respektiv deem seng Filiale Storia, sollt maachen.
Well: de franséische Grupp, dee mat 49% an enger Societéit mat der Lëtzebuerger Post ass, bleift zwar mat responsabel fir den Ëmbau, mee den Hotel wäerte se awer net exploitéieren. Wéinst finanzielle Problemer? Do hält d’Post sech eraus. D’Direktioun nennt d’Aarbecht vun Artea excellent, hiren eigentleche Rôle wier jo dee vum Promoteur, seet de Claude Strasser, Generaldirekter vu Post Lëtzebuerg.
Der Post-Direktioun war et wichteg, bei der Transformatioun dat lescht Wuert ze behalen. Dat huet se och wann et ëm dee geet, deen d’Hotelsgeschäft wäert iwwerhuelen. Keefer géif et bestëmmt genuch fir en Hotel, deen emol Vue op de Boulevard Royal hat. Mir sinn a bleiwe Proprietär, seet de Claude Strasser, si hätten ëmmer eng eenzeg Gesellschaft fir dat Ganzt wëllen hunn; wéi dat genee viru geet, ob deen Nächsten an d’Societéit eraklëmmt, dat vun Artea iwwerhëlt, bléif nach ze klären.
Am semestrielle Rapport vun Artea, datéiert op den 31. Oktober, geet riets vu Réduction de dettes, an den Hôtel des Postes steet net méi an der Kategorie vun de Projeten, déi an der Entwécklung sinn. Eventuell finanziell Problemer vum Grupp kommentéiert de Post-Generaldirekter Claude Strasser net.
2026 wier den Ëmbau fäerdeg, steet haut nach um Site vun Artea – dat wäert souwisou zäitlech net opgoen, seet de Bauhär. Mee de Claude Strasser ass a bleift begeeschtert vum Projet - do wou technesch Installatiounen a Büroe waren, steet deemnächst en Top-Hotel mat zwee Restauranten, een dovunner uewen um Daach, mat enger fantastescher Vue op d’Stad.
Ronn 60 Millioune géif d’Transformatioun kaschten, an et hätt een en arrangement à l’amiable fonnt. Deen, deen den Hotel wëllt, muss net nëmmen d’Finanzement nom Réibau iwwerhuelen, mat Allem wat en Hotel mat 4 oder 5 Stären ausmécht, mee der Post och nach e Loyer bezuelen.