Pompjeescorpse stinn an intensivem Austausch


















































Den Inneminister Léon Gloden war dës Woch dräi Deeg op Aarbechtsvisitt zu Singapur.
Dobäi huet hien net just säin Homolog getraff, mee war och op der Sidex, enger Expo fir Krisen- an Noutfallmanagement.
Eréischt am Mäerz war hei am Land e Memorandum of understanding wärend der Staatsvisitt vum President vu Singapur ënnerschriwwe ginn. An dësem ass festgehalen, d’Kooperatioun tëscht de Pompjeescorpsen an der Recherche an der Innovatioun auszebauen.
Wisou grad esou eng Absichtserklärung mat Singapur? Fir d’éischt spillt hei emol déi kleng Gréisst vun de Länner eng Roll. Singapur huet een Drëttel vun der Surface vu Lëtzebuerg. Den Opbau vum Rettungs- a Policewiesen wier doriwwer eraus änlech.
Op der Foire huet een sech elo inspiréieren, sou den Inneminister Léon Gloden. Neist Equipement gouf presentéiert, zum Beispill Elektromotoe fir Asazgefierer: "Bei Pompjeescamionen oder bei Ambulanzen. Also Gefierer déi eben an Zukunft sollen elektresch fueren. Mee och déi nei Aarbechtsmethoden am Kader vun der Rettung oder och Feier- Bekämpfung sinn hei presentéiert ginn."
Wärend der Visitt gouf et och eng Entrevue mat der Policedirektioun vu Singapur, wou engersäits gekuckt gouf, wéi d’Sécherheet am ëffentleche Raum ka verbessert ginn. Awer och d’Cybersécherheet war Sujet, sou den Inneminister.
"Si hu ganz vill Infraktiounen am Kader vu Scam Aktivitéiten, dat heescht am Kader vu Bedruchsaktivitéiten, sief et iwwer Telefon, sief et iwwer Internet, an do hu mer festgehalen, dass an Zukunft eis Police mat der Police vu Singapur verstäerkt géing zesummeschaffen."
Generell kéint ee béidsäiteg vun de jeeweilegen Experienze profitéieren. Zu Lëtzebuerg kéint een am Trainingszenter vum CGDIS, dat eent oder anert, wat een zu Singapur gesinn huet, ëmsetzen.