E gëtt mat Spannung erwaart, dem fréiere briteschen Ausseminister Boris Johnson säin Optrëtt um Dënschdeg um Parteidag vun de Konservativen zu Birmingham.

Den Johnson ass an de Brexit-Verhandlungen tëscht der britescher Regierung an der EU ee vun den Haaptgéigner vun der Premierministesch Theresa May. Eréischt um Weekend hat hien d'Pläng fir den EU-Austrëtt als total grotesk bezeechent.

De Boris Johnson war am Juli vu sengem Posten als Ausseminister zeréckgetrueden. Senger Meenung no sinn d'Brexit-Pläng vun der britescher Regierung ze vill large. Kuerz virum Parteidag huet hie säin eegene Plang fir den EU-Austrëtt presentéiert. De Boris Johnson huet ënnert anerem fir e Fräihandelsaccord mat der EU plaidéiert, ähnlech wéi den europäesch-kanadeschen Ceta-Accord.