Ermëttler vu Vereenten Natioune reprochéieren Israel e Genozid an der Gazasträif

© Photo by FABRICE COFFRINI / AFP
Dat, wat Israel an der Gazasträif mécht, géif engem Genozid entspriechen.
Dat huet déi Onofhängeg Ermëttlungskommissioun vun de Vereenten Natiounen en Dënschdeg matgedeelt.
Wéi Ermëttler vun de Vereenten Natiounen bekannt ginn hunn, gouf determinéiert, datt Israel zanter Oktober 2023 fir e Genozid an der Gazasträif verantwortlech wier. D'Zil vum Krich wier et, "Palästinenser ze vernichten", an dat wier d'Schold vum israeelesche Premier Benjamin Netanjahu a weideren héichrangege Regierungsmemberen.
"D'Responsabilitéit läit bei Israel", sou e Communiqué.
Israel huet an der Tëschenzäit de Rapport als "verzunn a falsch" bezeechent.
D'Ermëttler gehéieren zu der Onofhängeger Ermëttlungskommissioun vun de Vereenten Natiounen. Dës ass net mat de Vereenten Natioune selwer gläichzesetzen. D'Kommissioun ass beoptraagt, d'rechtlech Situatioun am Gaza ze ënnersichen.
Eng 65.000 Leit wieren am Gaza ëmbruecht ginn, zanter datt de Krich lassgaangen ass, sou Zuele vum Hamas-Gesondheetsministère, déi d'Vereenten Natiounen als zouverlässeg ugesinn.