De 25 Joer alen italieenesche Schifuerer Matteo Franzoso ass zwee Deeg no enger Chute beim Training am Chile u senge Blessure gestuerwen.

Den italieenesche Schifuerer Matteo Franzoso ass e Méindeg u senge Blessure gestuerwen, déi hien e Samschdeg bei enger Chute am Chile erlidden huet. Wéi d'italieenesch Federatioun matgedeelt huet, war de 25 Joer ale Franzoso an eng Klinik zu Santiago ageliwwert ginn, allerdéngs ass hien hei u senge schwéiere Blessuren um Kapp verscheet.

Zéng italieenesch Schifuerer ware säit Ufank September am Chile, fir sech op déi nächst Saison virzebereeden, dat mat Bléck op d’Wanterolympiad, déi am Februar zu Mailand a Cortina d'Ampezzo stattfënnt.

De Matteo Franzoso hat sëllegen Erfolleger a senger jonker Karriär, ënner anerem als Véierte bei der Junior-Weltmeeschterschaft zu Narvik a Norwegen am Joer 2020. A senger professioneller Karriär bei den Erwuessenen huet hien u 17 Weltcup-Courssen deelgeholl.

"Et ass onheemlech traureg. Virun dräi Woche sinn ech nach op där selwechter Pist gefuer", huet d'Star-Schifuererin an Olympia-Gewënnerin Lindsey Vonn aus den USA spéider op Instagram geschriwwen.

Dëst ass schonn den zweeten Doud vun engem italieenesche Schifuerer an e bëssi manner wéi engem Joer. Am Oktober 2024 war d'Matilde Lorenzi, Member vun der Jugend-Nationalekipp vun Italien, am Alter vun 19 Joer no enger Chute bei engem Training zu Val Senales gestuerwen.