Täter no Messerattack zu liewenslaanger Prisongsstrof verurteelt

© AFP
Am Prozess ëm déi déidlech Messerattack op de Polizist Rouven L. zu Mannheim gouf den Täter Sulaiman A. zu enger liewenslaanger Prisongsstrof verurteelt.
Donieft huet d'Geriicht zu Stuttgart eng besonnesch schwéier Schold beim 26 Joer ale Mann festgestallt, wouduerch eng fréizäiteg Entloossung quasi ausgeschloss ass. De Sulaiman A., deen aus Afghanistan ass a mam IS sympathiséiert, gouf wéinst Mord um Polizist Rouven L. a wéinst versichtem Mord a véier Fäll souwéi geféierlecher Kierperverletzung verurteelt.
Täter wollt "méiglechst vill Doudesaffer"
D'Attack den 31. Mee zejoert hat kuerz virun der Europawal fir vill Kritik un der däitscher Migratiounspolitik gesuergt. De Riichter Herbert Anderer sot, datt de streng gleewege Sulaiman A. "e gréisstméigleche Schued a Form vu méiglechst villen Doudesaffer" als Zil hat. Donieft hätt hie bewosst d'Biergerbeweegung vum islamkritesche Veräin Pax Europa ugegraff.
De sunnitesche Moslem hätt de Spriecher - den Islamkritiker Michael Stürzenberger, dee widderhuelt wéinst Volleksverhetzung verurteelt gouf - souwéi aner Participante wéilten ëmbréngen, sou den Anderer. Och Polizisten hätt hien als Representante vum däitsche Staat, deen de Sulaiman A. ofleent, ëmbrénge wëllen. Um Enn hätt hie selwer wéilten ëm d'Liewe kommen, "fir an d'Paradis eranzekommen". Hien hätt de "Märtyrerdoud" stierwe wéilten, sot de Riichter nach.
Bei der Attack hätt den A. de Stürzenberger mat engem Juegdmesser ugegraff an zwee Mol op den Islamkritiker agestach. Dono hätt hie widderhuelt op Leit agestach, déi dem Stürzenberger hëllefe wollten an dono nach eng Kéier op de Stürzenberger selwer. Am Ganzen hätt den Islamkritiker sechs Stéchblessure gehat.
Attack eréischt no Schëss op Täter eriwwer
De Riichter huet d'Attack als oniwwersiichtlech Situatioun beschriwwen, an där een Zeien aus Versinn een aneren Zeien als Täter klasséiert an dësen ugegraff hätt. An där Situatioun huet de Polizist Rouven L. agegraff, wéi et aus dem Urteel ervirgeet. Wéi de Beamten dee falschen Täter fixéiere wollt, hätt de Sulaiman A. hie vun hannen ugegraff. Dësen hätt de Polizist fir d'éischt mam Messer an d'Schëller an dann an de Kapp gestach. Dobäi war de Rouven L. esou uerg blesséiert ginn, datt hien zwee Deeg méi spéit am Spidol gestuerwen ass. D'Attack hat eréischt en Enn, wéi den A. vun engem anere Polizist ugeschoss gi war.
Entschëllegung vum Täter
Mam Strofmooss ass d'Geriicht op d'Fuerderung vum Parquet agaangen. An och d'Affekoten haten op eng liewenslaang Prisongsstrof plädéiert, hunn awer keng besonnesch schwéier Schold gesinn. Den A. soll d'Dot als Sympathisant vum der Dschihadistemiliz Islamesche Staat begaangen hunn. Am Prozess huet hien d'Dot zouginn a sech a sengem leschte Wuert bei de Familljemembere vum gestuerwene Polizist entschëllegt.
Radikaliséierung a sozialen Netzwierker
De Sulaiman A. huet erkläert, datt hie sech an Chats op sozialen Netzwierker radikaliséiert hätt a manipuléiert gi wier. Ausléiser fir seng Radikaliséierung war deemno d'Virgoe vun Israel an der Gazasträif no der Attack vun der Hamas am Oktober 2023.
De Verurteelten huet bis zu der Attack onopfälleg mat senger Fra an zwee Kanner zu Heppenheim gelieft. Hie war dem Geriicht no 2013 als jugendleche Flüchtling eleng aus Afghanistan an Däitschland geflücht. Seng Demande op Asyl wier refuséiert ginn, ma wéinst engem Expulsiounsverbuet an den Afghanistan konnt hien an Däitschland bleiwen.
Fir de Rechtsstaat gestuerwen
De Riichter huet sech a senger Begrënnung fir säin Urteel direkt un d'Famill a virun allem un d'Eltere vum 29 Joer ale Polizist geriicht: "Äre Fils stoung fir de Rechtsstaat - esou schrecklech dat ass, hien ass fir e gestuerwen", sot de Riichter. All d'Zeien haten de Beamten als e Mann beschriwwen, "deen ee gäre muss hunn". Hien hätt sech bewosst fir de Beruff vum Polizist entscheet an hätt dofir gestanen, datt d'Recht fir jiddereen d'selwecht gëllt.