Ideologie, Konzepter, Geschicht: Fir déi aktuell Situatioun an der Ukrain ze beliichten, muss ee Joren, Joerzéngten a souguer Joerhonnerten zeréckgoen.

"Esou kleng, wéi et och ze si schéngt, war den Donbass, wäit fort vun de politesche Metropole Moskau oder Kyjiw , schonns ëmmer e Problem fir de Muechtzentrum", schreift den Hiroaki Kuromyia, Historiker an Expert fir d’Sowjetunioun, a sengem Buch Freedom and Terror in the Donbas.

No 11 Joer Ukrain-Krich an Zéngdausende vun Doudegen, gëtt et Zäit nach eng Kéier iwwer den Ufank ze schwätzen. Iwwer d'Krim-Kris an Annexioun, iwwer russesch Zaldoten, déi 2014 schonn op ukraineschem Territoire waren an iwwer déi geopolitesch Iddien, mat deene Russland schafft.

Fir dëst breet Thema ofzedecken, ass dat hei den éischten Deel, dee sech mat der Geschicht vum Donbass bis an d’2000er auserneesetzt. Den zweeten Deel (Publikatioun den 18. September) baut op der Geschicht op a beschäftegt sech mam Ufank vum Konflikt an der Ukrain 2014. Am drëtten Deel (Publikatioun 21. September) äussert sech dann och den Professer Andreas Umland méi am Detail zu deem geopoliteschen Konzept "Novorossija", dat sech aus der zaristescher Vergaangenheet iwwer den Ufank vum Ukrain-Krich zitt a bis an d'Joer 2025 an der russescher Iwwerzeegung an Legitimatioun eng Roll spillt.

Virum Joer 2014 war de Begrëff "Donbass" an och déi entspriechend Regioun nëmmen de mannste Leit a Westeuropa a Lëtzebuerg bekannt. No de sougenannten Euromaidan-Protester zu Kyjiw (ukrainesch Schreifweis vun "Kiew") ass als éischt d'Hallefinsel Krim an d’Viséier vu Russland an dann och vun der Press geroden. Dunn hu sech och d'Noriichten aus dem Donbass iwwerschlo. Meldunge vu Protester, Ausernanersetzungen, arméierte Männer an schlussendlech vu Krich an Doudegen. D'Ukrain an seng industriell Regioun am Osten kréien d'Opmierksamkeet vun der internationaler Communautéit.

Den Ursprong vun der Regioun

Den Numm "Donbass" kennt vum ukrainesche Донецький басейн oder russesche Донецкий бассейн, wat iwwersat Donez-Baseng heescht, a bezitt sech op den Donetsfloss. No de moderne Grenze gehéieren déi ukrainesch Oblasten Luhansk an Donezk, sou wéi de südwestlechen Deel vun der russescher Oblast Rostov dozou. Am Sproochgebrauch gëtt sech allerdéngs just op den ukraineschen Deel bezunn.

RTL

Kaart vun der Ukrain mam Donbass agezeechent / © RTL-Grafik

Den Donbass ass Deel vun der Eurasescher Stepp, déi sech vu China, duerch Kasachstan bis an d'Republik Moldau zitt. Bis an dat 15. Joerhonnert ass den Donbass net staark bewunnt a grenzt am Westen un d’Saporoger Kosacken an am Osten un d’Don Kosacken.

D’Kosackegebitter gi mat der Zäit an dat russescht Zareräich integréiert, behalen awer eng gewëssen Autonomie. Domat ass dann endgülteg Schluss an der zweeter Hallschent vum 18. Joerhonnert, wann d’Kosacken ënnert dem Katharina déi Grouss hir Autonomie verléieren. Och weider Deeler vum Südoste vun der Ukrain falen am Kontext vun de Russesch-Osmanesche Kricher am Laf vum 18. an Ufank 19. Joerhonnert graduell un d’Zareräich.

Grënnung vun "Novorossija" bis d'Enn vum 19. Joerhonnert: den Ufank vun enger geféierlecher Iddi

RTL

Gouvernement Novorossija 1796 / © RTL-Grafik

Fir d’Geréiere vun de südlechen a süd-ëstleche Gebitter vun der haiteger Ukrain gëtt dann 1764 d’Verwaltungseenheet "Novorossija" gegrënnt. Dat Gebitt ass dann net eng fest, geschlossen Eenheet, wéi een dat haut versteet, mee verännert sech am Laf vun der Zäit a gëtt och mol méi grouss no weideren Eruewerungen. Nieft de Regiounen um Schwaarze Mier gehéiert och den Donbass zu "Novorossija," wat iwwersat “Nei-Russland” heescht. Den Historiker Willard Sunderland schreift an sengem Buch A History of Ukraine, dass den Numm e russesche Versuch ass, sech international als imperial Muecht ze profiléieren. Wéi Frankräich, Spuenien an England, déi Nei-Frankräich, Nei-Spuenien an Nei-England grënnen, wëll dat russescht Räich duerch d’Benennung "Novorossija" sech als international imperial Muecht profiléieren. D’Konzept an déi territorial Uspréch vun "Novorossija" sollen och nach 250 Joer dono eng Roll spillen, wéi sech am Joer 2014 weist.

Mat der Entdeckung vu Kuel an der Industrialiséierung gëtt den Donbass dann an den 1860er Joren zu enger wichteger Industriezon an där och aner Mineralien ofgebaut ginn. Dës wirtschaftlech Entwécklung zitt dann och vill russesch Aarbechter un. De Kuromiya betount a sengem Buch Freedom and Terror in the Donbas awer, dass d’Regioun hire multiethnesche Charakter hält a Russesch zur dominanter Sproch entwéckelt.

Vum Éischte Weltkrich bis 1945: bluddeg Joerzéngte fir den Osten 

Am Éischte Weltkrich ass d’Industrie am Donbass e wichtegen Deel vun der russescher Krichswirtschaft a wéi dunn de Staat probéiert d’Aarbechter fir d’Front anzezéien, brécht en Opstand aus, bei deem zwar puer Männer ëm d’Liewe kommen, mee et gi souguer Aarbechter aus der Arméi rëm entlooss, well sech den Donbass als esou wichteg erausstellt.

Wärend dem Duerchernee vun der russescher Revolutioun 1917 ginn et am Donbass Anarchie-änlech Zoustänn. Dat däitscht Räich an Éisträich-Ungarn schléisse mat der ukrainescher Volleksrepublik mam Sëtz zu Kyjiw am Joer 1918 de sougenannten "Broutfridden". Et grënnt sech d’Sowjetrepublik Donez-Kriwoi Rog am Oste vun der Ukrain, déi sech vun der mat der Mëttelmuechten alliéiert Zentralregierung zu Kyjiw  distanzéiere wëll. D'Sowjetrepublik Donez-Kriwoi Rog existéiert allerdéngs just ee Mount. Well et ebe schonn eng Sowjetukrain gëtt, ass de Lenin héchstperséinlech géint d'Kreatioun vun enger weiderer Sowjetrepublik op ukrainesche Buedem. Dës Decisioun präägt d'Verständnis, datt den Donbass zur Ukrain gehéiert, esou de Kuromiya. 1920 kënne sech dann d'Bolschewisten duerchsetzen an den Donbass gëtt an déi nei ukrainesch Sowjetrepublik integréiert.

Déi vum russesche Biergerkrich schwéier getraffe Regioun gëtt mat strenge Mesuren duerch d’Sowjetunioun rëm un d’Lafe bruecht. Gewalt an Honger bestëmmen den Alldag an den 1920er a vill politesch Verfollegter ginn an d’ukrainesch Stepp an erhoffe sech Distanz sou wéi eng gewësse Sécherheet vum stalinistesche Regime. No der schlëmmer Hongersnout an der Ukrain an den 30er Joren, déi an der Ukrain als Holodomor bekannt ass a béi där 3,5 bis 7 Milliounen Ukrainer an Ukrainerinne gestuerwe sinn, ass den Donbass och duerch "De Groussen Terror" vum Stalin tëscht 1936 an 1938 uerg getraff ginn. Zu där Zäit goufe (presuméiert) Géigner vum Stalin verfollegt an ëmbruecht.

RTL

Däitsch Tiger-Panzer an der Ukrain, 1944 / © Photo by Collection Bernard Crochet / Photo12 via AFP

Wärend dem Zweete Weltkrich dunn huet d’Wehrmacht am Juni 1941 den Donbass besat. Ier déi nationalsozialistesch Arméi am Donbass ukënnt, evakuéiert d’Sowjetunioun ronn 4 Millioune Leit esou wéi e puer Honnert Industrieanlagen. Déi däitsch Besatzungsmuecht hirersäits deportéiert 300.000 Mënschen als Zwangsaarbechter an -aarbeschterinnen. Dausende ginn ëmbruecht. 1943 kann d’Regioun da vun der Rouder Arméi befreit ginn.

1945 bis an dat 21. Joerhonnert: den Donbass bleift e "Problem fir d'Muechzentrum"

RTL

Minenaarbechter streiken 1989, Donetsk / © Photo by Vitaly ARMAND / AFP

Nom Zweete Weltkrich verbessert sech d’Situatioun am Donbass an de politeschen Terror huet nogelooss. Mee trotz der allgemenger Verbesserung, Streiken d’Minnenaarbechter am Donbass vun Zäit zu Zäit. Sou zum Beispill am Joer 1989. D’Aarbechter streike géint déi schlecht Wunnsituatioun a fuerderen e méi héije Salaire, dobäi positionéiere se sech kloer géint déi Kommunistesch Partei.

Trotz enger grousser russescher Bevëlkerung gëtt eng grouss Majoritéit vum Donbass 1991 seng Stëmm fir d’Onofhängegkeet vu Russland, well si sech vu Moskau ausgenotzt fillen. 84% an Donezk an 83,9% an Luhansk stëmmen 1991 fir een Austrieden aus der Sowjetunioun an en souveränen ukraineschen Staat.

No der Onofhängegkeet léisst de wirtschaftleche Wuesstem ze wënschen iwwreg an d’Leit am Donbass fille sech lo vu Kyjiw ausgebeut. Am Joer 1993 streiken d'Aarbechter am Donbass géint d'Inflatioun a schlecht Aarbechtsbedingungen. Dat féiert dann esouguer dozou, dass Presidents- an Parlamentswalen virgezu ginn an d'Ukrain 1994 hiren éischte Muechtwiessel säit dem Enn vun der Sowjetunioun erlieft.

Och musse sech de Westen an den Oste vun der Ukrain, déi sech friem sinn, mam jeeweils aneren auserneesetzen. Schonn an den 1990er Joer an Ufank 2000er grënne sech pro-russesch/sowjetesch a Kyjiw-kritesch Beweegungen. D’Donez-Kriwoi Rog Republik aus dem Joer 1918 zielt duerch hir Distanzéierung vum Weste vun der Ukrain och als Virbild fir verschidde Parteien.

Der komplexer, multiethnescher Geschicht vum Donbass entspriechend, ënnerscheet sech d’Zesummesetzung vum Vollek vum Rescht vun der Ukrain. Am Joer 2001 sinn zwar nëmme 17,3% vun der Populatioun ethnesch Russen a Russinnen, mee am Oste klëmmt déi Zuel op 38,2% an 39% an den Oblasten Donezk respektiv Luhansk.