Wärend Israel dovunner schwätzt, géint 2.000 bis 3.000 Hamas-Kämpfer virzegoen, sinn Zeien no ënnert den Doudege majoritär Fraen, Kanner an eeler Leit.

An der Nuecht op en Dënschdeg huet déi israeelesch Arméi d'"Haaptphas" vun hirer Attack op Gaza City gestart. Op der Social-Media-Plattform X heescht et vum israeeleschen Defenseminister Israel Katz: "Gaza brennt". D'IDF géif géint déi "terroristesch Infrastruktur" virgoen a bis zur "Erfëllung vun der Missioun" net ophalen.

Géigeniwwer der Noriichtenagence AFP hunn Aenzeie vun uergen Ugrëff, zerstéierten Haiser a Residentë geschwat, déi ënnert dem Debris vun zerstéierte Gebaier verschott goufen. Och e Wunnhaus mat op d'mannst 50 Leit dra gouf bombardéiert, Kanner wieren "a Stécker" erausgezu ginn, esou en Zeien. D'Autoritéiten hunn eegenen Aussoen no bis ewell 12 Läichen aus dem Debris erausgezunn, dat no Sichaktioune vun iwwer 8 Stonnen. Generell géif et sech bei den Doudege majoritär ëm Fraen, Kanner an eeler Leit handelen.

Insgesamt si bei de rezentsten israeeleschen Attacken an der ganzer Gazasträif 37 Persounen ëm d'Liewe komm, mellt den zoustännegen Zivilschutz. Et geet een dovunner aus, datt d'Zuel vun den Doudegen a Blesséierten nach klamme wäert. D'Médécins sans frontières mellen iwwerdeems dausende vu Leit, déi Gaza City ze Fouss verlooss hunn a versichen, sech a Sécherheet ze bréngen. D'israeelesch Arméi schwätzt dobäi vu ronn 350.000 Leit, déi d'Stad zanter Ufank vun der Offensiv verlooss hunn.

Déi international Kritik um israeelesche Virgoe gëtt ëmmer méi haart: Der EU-Kommissioun no géif d'"militäresch Interventioun" vun der israeelescher Arméi "zu méi Zerstéierung, méi Doud a méi Verdreiwung" féieren. Déi elo scho "katastrophal humanitär Lag" géif sech ausserdeem "verschäerfen an d'Liewe vun de Geiselen" a Gefor bréngen. Eng onofhängeg Ermëttler-Kommissioun vun der UNO huet Israel en Dënschdeg dann och reprochéiert, e Vëlkermord an der Gazasträif ze begoen.

D'USA bleiwen iwwerdeems bei hirer bedéngungsloser Ënnerstëtzung fir Israel, wéi den Ausseminister Marco Rubio schonn e Méindeg betount hat. Gläichzäiteg betount de Rubio awer och, datt d'Zäit fir Verhandlunge mat der Hamas ofleeft.