FBI fënnt DNA-Spuere vum Haaptverdächtegen un der Mord-Waff

Foto aus dem State Farm Stadium am Bundesstaat Arizona, wou den 21. September eng Gedenkzeremonie fir den Charlie Kirk ofgehale gëtt. / © Photo by CHRIS CODUTO / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
De Verdacht géint den 22 Joer alen Haaptverdächtegen Tyler Robinson huet sech mat positiven DNA-Spueren erschwéiert.
Wéi den FBI-Direkter Kash Patel e Méindeg annoncéiert huet, goufen op der Plaz vum Charlie Kirk sengem Mord DNA-Spuere fonnt, déi mam aktuellen Haaptverdächtegen Tyler Robinson iwwereneestëmmen. Den 22 Joer ale Robinson gouf den Donneschdeg no enger Ermëttlung vun 33 Stonne festgeholl a soll dës Woch offiziell wéinst Mord um konservativen Aktivist an Trump-Supporter ugeklot ginn.
Dem FBI-Direkter no hat de Verdächtegen e Prezisiounsgewier benotzt, mat deem hien de Kirk mat engem eenzege Schoss an den Hals vun engem Daach aus getraff hat. D'Waff gouf spéider agewéckelt an engem Duch fonnt, an d'DNA-Spueren un dësem Duch wieren dem Verdächtege positiv zougeuerdent ginn, sou de Patel an engem Interview mat Fox News.
De Patel huet och iwwer en Ziedel geschwat, deen de Robinson anscheinend virum Verbrieche verfaasst hätt. Dorobber hätt dëse geschriwwen, dass hien "d'Chance hätt, den Charlie Kirk auszeschalten". Den FBI geet dovun aus, dat dësen Ziedel, deen am Familljenhaus vum Verdächtege fonnt gouf, kuerz virum Mord geschriwwe gouf.
"Och wann en zerstéiert gouf, hu mir forensesch Beweiser vum Ziedel fonnt", sou de Patel am Interview.
Aktuell gëtt nach vill iwwert e méiglecht Motiv spekuléiert.
Den Charlie Kirk, dee virun allem ënnert der konservativer Jugend an den USA beléift war, ass leschte Mëttwoch bei enger Ried um Universitéitscampus am Bundesstaat Utah erschoss ginn. Hie war de Matgrënner vun Turning Point USA, enger politescher Beweegung, déi den Donald Trump a sengem leschte Walkampf ënnerstëtzt huet.
Eng Gedenkzeremonie fir de Kirk soll den 21. September am State Farm Stadium am Bundesstaat Arizona, wou de Kirk hierkënnt, ofgehale ginn.