Et ass net den 1. Tëschefall vun dëser Aart. Ëmmer nees probéiere Mënschen iwwer dëse geféierlech Wee an Europa ze kommen.

D'UNO geet vum Schlëmmsten aus. Ronn 700 Flüchtlinge kéinten am Mëttelmier op hirer Flucht an Europa erdronk sinn. Wéi et heescht, wier d'Boot an der Nuecht virun der libescher Küst a ronn 200 Kilometer virun der Insel Lampedusa ënnergaang.

Iwwerliewenden vun der rezenter Katastrof no solle souguer bis zu 950 Leit um komplett iwwerfëllten Boot gewiescht sinn. Bis e Sonndeg den Owend konnten 28 Leit aus dem Mier gerett ginn, iwwerdeem nëmmen eng zwou Dose Läiche bis ewell fonnt goufen.

D'Schëff hat en Noutruff geschéckt an et ass e portugisesche Frachter op d'Plaz gefuer. Wéi d'Schëff méi no komm ass, si vill Flüchtlingen op eng Säit vum Boot gaang , dorops ass et gekippt an ënnergaang. Wou d'Leit u Bord hir kommen ass nach net gekläert.

Wéi et heescht wiere vill vun de Réfugiéen an der Coque vum Schëff vun de Schleiser agespaart ginn, fir datt keen sollt fort kommen. Rieds geet dervun, datt och eng 50 Kanner an eng 200 Fraen u Bord vum Schëff waren.

VIDEO: Drama am Mëttelmier.
Bis zu 700 Flüchtlinge stierwen eng 110 Kilometer virun der Côte vu Libyen, wei hiert Boot kippt. Italien fuerdert Europa op, elo direkt ze reagéieren.

Drénglechkeetssëtzung vun den Innen- an Ausseministeren

D'Kommissioun huet eng Drénglechkeetssitzung vun den Innen- an den Ausseministeren annoncéiert. Dobäi soll et virum allem drëm goen, wéi Flüchtlinge vun hirer geféierlecher Rees iwwert d'Mëttelmier ofgehale kënne ginn.

Den Ausseminister Jean Asselborn huet an deem Kontext vun der neie EU-Missioun Triton geschwat, déi zanter Oktober zejoert fir eng verbessert Iwwerwaachung vun den italienesche Grenzen soll suergen.

AUDIO: De Jean Asselborn

D'europäesch Aussebeoptragten Frederica Mogherini huet donieft decidéiert, d'Thema op den Ordre du jour vun der Reunioun vun den europäeschen Ausseministeren um Méindeg hei zu Lëtzebuerg ze setzen. Et solle fir Libyen eng Rei Proposen presentéiert ginn. Libyen ass dat Land, iwwert dat déi meescht Flüchtlinge probéieren, illegal aus Afrika fortzekommen.

Der Aussebeoptragten no sinn déi südeuropäesch EU-Länner ze laang am Ëmgang mat der Flüchtlingstragedie alleng gelooss ginn. D'EU misst ouni ze zécken Moossnamen ergräifen.

RTL

Gedenkminutt um EU-Conseil. / © MAEE

RTL

© MAEE

Zuele virun der Katastroph
D'Situatioun vun de Flüchtlingen, déi iwwert d'Mier eriwwer an Europa wëllen, ass jo den Ament nees ganz extrem. Eleng déi lescht Woch sollen et der 11.000 gewiescht sinn. Dem UNO-Flüchtlingswierk no, sollen dëst Joer schonn iwwer 900 Mënsche beim Versuch gestuerwe sinn.

Et gëtt vill Kritik un der europäescher Flüchtlingspolitik an d'Fro gëtt ëmmer nees gestallt, wéi vill der nach stierwe mussen, bis wierklech eppes Handfestes geschitt, fir d'Situatioun an de Grëff ze kréien.

Am Oktober 2013 ware virun der italienescher Insel Lampedusa op mannst 366 afrikanesch Flüchtlingen erdronk, wéi e Feier op hirem Boot ausgebrach war. Réischt d'lescht Woch, goufe 400 Mënschen no engem Ongléck am Mëttelmier vermësst. Den UNHCR hat ze lescht dowéinst un d'Regierungen appeléiert d'Sich- an d'Rettungskapazitéiten um Mëttelmier auszebauen.

Reaktioune aus der EU a vum Poopst

An engem Communiqué, seet sech d'EU-Kommissioun déif betraff. Et gëtt hei am Mënscheliewen an d'EU huet déi moralesch an humanitär Obligatioun eppes ze maachen, heescht et am Text.
Den Ament wier d'Kommissioun amgaang sech mat de Memberstaaten an den internationalen Organisatiounen ze beroden, fir eng nei europäesch Flüchtlingsstrategie opzestellen. Déi soll Mëtt Mee vun der Kommissioun ugeholl ginn. Et misst direkt reagéiert ginn, fir weider Doudeger ze verhënneren, mä och un enger besser Gestioun vun de Migratiounen geschafft ginn.

Bréissel no gëtt et just ee Wee fir d'Realitéit wierklech ze änneren an dat ass de Problem bäi der Wuerzel ze paken, datt heescht an den Heemechtslänner vun de Flüchtlingen.

Och de franséische President huet antëscht op d'Tragedie reagéiert a schwätzt vun der schlëmmster Katastrophe vun de leschte Joeren am Mëttelmier. De François Hollande fuerdert, grad wéi d'UNO, datt méi Iwwerwaachungsbooter an den Asaz kommen.

Iwwerdeems huet de Poopst Franziskus déi international Communautéit dozou opgeruff, determinéiert a séier ze handelen, datt sech esou eppes net méi widderhëlt. De Pontifex huet säin déift Matgefill ausgedréckt a gesot, hie géif fir d'Affer an hir Famillje bieden.

"Mare Nostrum" erëm aféieren

D'Spriecherin vum UNO-Flüchtlingswierk UNHCR Carlotta Sami fuerdert, datt de Rettungsprogramm "Mare Nostrum" nees an d'Liewe geruff gëtt. D'Operatioun, déi vun Italien gedroe gouf, war am Oktober ausgelaf an ass duerch den EU-Grenzschutzprogramm "Triton" ersat ginn.