Google proposéiert Ännerunge vu Reklamme-Servicer fir Opspléckung ze evitéieren
© Photo by ADEK BERRY / AFP
Google huet e Freideg Ännerungen u senge Reklamme-Servicer annoncéiert, dat fir de Risiko vun enger méiglecher Opspléckung ze vermeiden.
D'Annonce kënnt zwee Méint nodeems d'EU-Kommissioun dem US-Konzern eng héich Geldstrof opgeluecht hat.
D'EU-Kommissioun hat Google am September eng Kartell-Strof vun 2,95 Milliarden Euro opgebrummt, well de Konzern seng eege Servicer bevirdeelegt hätt. Google krut 60 Deeg Zäit, fir déi ugeschwate Problemer ze léisen.
D'Decisioun hat och den US-President Donald Trump opgereegt, deen nei Tariffer op d'EU an Aussiicht gestallt hat, falls d'Strof confirméiert géif ginn. Google selwer hat annoncéiert, datt ee géint d'Decisioun appelléiere wäert.
Eng Spriecherin vum Konzern sot, datt déi nei Propose géing d'Urteel wouer huelen ouni Gefor ze lafen, Stéierungen ervirzeruffen, déi den "dausenden europäeschen Editeuren a Publicitéite" kéinte schueden. Trotz de geplangte Verännerungen am sougenannten Adtech-Beräich bleift Google der Meenung, datt d'EU-Decisioun net gerechtfäerdegt ass.
Bréissel wäert d'Proposen elo analyséieren – dat an enger Phas, an där d'EU versicht, hir Reegele fir d'Tech-Konzerner konsequent duerchzesetzen, ouni dobäi de Risiko vun neien Tensioune mam Trump ze erhéijen.
D'EU huet Google zanter Joren am Viséier. Eréischt een Dag virun der Ukënnegung vu Google hat d'Kommissioun eng nei Enquête géint de Konzern lancéiert, well si de Verdacht huet, datt Google bestëmmten Noriichtesender an de Sichresultater benodeelegt.
Och an den USA steet de Konzern ënner Drock, e federale Riichter hat rezent géint dem Konzern seng Adtech-Praktike geurteelt. De Konzern probéiert och do e forcéierte Verkaf vun Deeler ze vermeiden. Mat engem Urteel gëtt an de kommende Wochen oder Méint gerechent.
Direkt Ännerunge sti bevir
Wéi d'EU-Kommissioun d'Strof am September annoncéiert hat, gouf argumentéiert, datt Google seng dominéierend Positioun am Online-Reklammemaart ausgenotzt hätt, fir seng eege Servicer ze bevirdeelegen. De Konzern verkeeft net nëmmen Annoncen op eegene Säiten an Apps, mee trëtt och als Vermëttler op, fir Firmen, déi Reklammen op anere Säiten op Computeren a Smartphone placéiere wëllen – e Modell, deen et Konkurrente méi schwéier gemaach huet, esou Bréissel.
Google huet e Freideg erkläert, datt de Plang direkt Upassunge virgesäit, dorënner d'Méiglechkeet fir Editeuren, ënnerschiddlech Mindestpräisser fir verschidden Offeren am Google Ad-Manager festzeleeën. Fir d'Bedenke vun der EU wéinst engem potenziellen Interessekonflikt unzegoen, wëll Google seng Servicer weider ausbauen.
D'EU-Kommissioun huet confirméiert, datt si de Plang kritt huet. Eng Spriecherin sot, dëse géif elo analyséiert an evaluéiert ginn.
An de leschte Joren hat Bréissel Google scho méi dacks héich Geldstrofen opgebrummt: 4,1 Milliarden Euro am Joer 2018 wéinst Mëssstänn am Zesummenhang mam Android-Betribssystem, an 2,4 Milliarden Euro am Joer 2017 wéinst Verstéiss um Maart fir Präisvergläicher.
Am Mäerz hat d'EU Google erëm virgehäit, seng eege Servicer am Verglach zu deene vun der Konkurrenz ze bevirdeelegen, dat am Kader vun enger Enquête zu digitaler Konkurrenz, déi d'lescht Joer gestart gouf.