Mat Kriibs, Diabeetes oder Iwwergewiicht soll ee Visa refuséiert kënne kréien
© MATHIEU THOMASSET / HANS LUCAS / HANS LUCAS VIA AFP
Wien an d'Vereenegt Staaten emigréiere wëllt, sollt an Zukunft besser gesond a schlank sinn. Jiddefalls mol wann et dem Ausseminister Marco Rubio no geet.
D'Konditioune fir an d'USA anzereese ginn erëm méi schwéier gemaach. Wéi verschidden amerikanesche Medie mellen, kéinte Leit mat gesondheetleche Problemer an Zukunft manner einfach un e Visum kommen. Deemno gesäit eng nei Direktiv vun der Trump-Administratioun Erkrankunge wéi Kriibs oder Diabeetes, grad esou wéi Obesitéit, ënner gewëssen Ëmstänn als Grond fir e Visum ze refuséieren.
D'Washington Post mellt, ënner Beruffung op en internt Schreiwes, dass den US-Ausseminister Marco Rubio déi amerikanesch Konsulater an Ambassaden iwwer d'Ännerungen informéiere gelooss hätt. Och Fox News an de Radiosender NPR hätten déi Nouvelle erausginn. Et géif déi Leit betreffen, déi e Visum fir e permanenten Openthalt an de Vereenegte Staate wéilten ufroen. Dëst géif am Kader vun der bestoender Public-Charge-Reegel geschéien, déi virgesäit, dass Awanderer den amerikanesche Sozialsystem an domat de Steierzueler net belaaschte sollen.
De Gesondheetszoustand war bis ewell ëmmer en Deel vun der Awanderungsprozedur, mä mat den neie Richtlinne géif dat Virgoen däitlech erweidert ginn. Kritiker soen, dass de Beamten domat e grousse Spillraum gi wier, driwwer ze decidéieren, ob eng Persoun dierf awanderen oder net.