Véier Leit am Zesummenhang mam Selbstmordattentat zu Islamabad festgeholl
© Photo by AAMIR QURESHI / AFP
Pakistanesch Autoritéiten hu bekannt ginn, dat véier presuméiert Täter festgeholl goufen, déi sollen an d'Selbstmordattentat zu Islamabad verwéckelt sinn.
Pakistan huet e Freideg matgedeelt, datt véier Membere vun enger Zell festgeholl goufen, déi am Zesummenhang mat dem Selbstmordattentat zu Islamabad Ufank der Woch stinn. Der Regierung no soll dës Zell vun Afghanistan aus geleet gi sinn.
Eng Fraktioun vu pakistaneschen Taliban, bekannt als "Tehreek-e-Taliban Pakistan" (TTP), hat d'Responsabilitéit fir d'Attack iwwerholl, bei där 12 Leit ëm d'Liewe komm sinn a 37 weiderer blesséiert goufen.
Déi presuméiert Täter wiere mat der TTP verbonnen, esou Islamabad. Weider gouf gesot, datt de presuméierte Kommandant vun der Zell an dräi aner Memberen an Untersuchungshaft wieren.
"D'Enquête lafe weider, a weider Erklärungen a Verhaftunge si méiglech", sou d'Positioun vu Pakistan. De Bommeleeër wier als Usman, alias Qari, identifizéiert ginn – e Bierger aus der Provënz Nangarhar am Oste vun Afghanistan.
D'Regierung huet net präziséiert, wou genee d'Arrestatiounen duerchgefouert goufen. Den Inneminister Mohsin Naqvi hat dem Senat en Donneschdeg gesot, datt de Bommeleeër aus Afghanistan koum.
D'Relatiounen tëscht Islamabad a Kabul si momentan extrem ugespaant. Pakistan mécht virun allem afghanesch-baséiert Gruppen – besonnesch d'TTP – fir eng Hausse vun Attacke responsabel, dat zanter d'Taliban 2021 erëm un d'Muecht komm sinn.
Kabul dementéiert déi Virwërf.
D'Relatiounen hunn en neien Déifpunkt erreecht, nodeems et leschte Mount zu de schlëmmste Grenz-Attacken zanter Jore komm ass. De Vereenten Natiounen no sinn dobäi iwwer 70 Mënsche gestuerwen, dorënner Dosende vun afghaneschen Zivilisten.