Op d'mannst 22 Blesséierter bei gréisserer Explosioun zu Buenos Aires
© AFP
E Freideg den Owend koum et an enger Industriezon an der argentinescher Haaptstad zu enger schroer Explosioun.
Méi wéi 20 Persoune goufe beim Virfall an der Stad Ezeiza, am Süde vu Buenos Aires blesséiert. Wéinst der Explosioun ass e gréissert Feier ausgebrach, wéi lokal Autoritéite gemellt hunn. Eng riseg orange, schwaarz Dampwollek vu "gutt 500 Meter Héicht" war iwwert der Stad ze gesinn, sou en AFP-Reporter vun der Plaz, dee sech op eng anonym Source vum Gouvernement vun der argentinescher Provënz berifft.
D'Explosioun an d'Feier hätten eng Kettereaktioun ausgeléist, huet de Buergermeeschter vun Ezeiza Gaston Granados am Interview op der Tëlee erkläert. Duerch d'Detonatioun wiere Fënstere vun Haiser am Quartier futtigaangen. "Mir sinn amgaangen, Familljen z'evakuéieren, déi an der Ëmgéigend liewen. Et ass schrecklech", sou nach de Buergermeeschter.
22 Blesséierter wieren an d'Spidol komm. Ënner anerem hat eng Persoun en Häerzinfarkt an eng schwanger Fra war wéinst enger Dampvergëftung ageliwwert ginn.
D'Hannergrënn vun der Explosioun sinn de Moment nach onkloer. D'Läschaarbechten daueren nach, et wier e komplizéierte Brand, wéi et heescht. Am Ganze wiere fënnef Infrastrukturen zerstéiert ginn. D'betraffen Industriezon läit an der Géigend vum internationale Fluchhafe vun Ezeiza. Bei den Infrastrukturen handelt et sech ëm Firmen, déi ënnerschiddlech Wuere bedriwwen hunn, zum Beispill Pneuen, chemesch Produite souwéi e Lager vun Iron Mountain, enger Firma, déi Daten a Dokumenter archivéiert.




Aus Sécherheetsgrënn gouf eng vun den Autobunnen an der Ëmgéigend vum Feier gespaart. Gutt 20 Pompjeesekippe sinn op der Plaz, fir de Brand ënner Kontroll ze kréien. Un d'Awunner ass et den dréngenden Appell vum Gouvernement, an hiren Haiser ze bleiwen a sämtlech Dieren a Fënsteren zouzeloossen. Et sollt een och déi néideg Virsiichtsmoossnamen ergräifen, seng Otemweeër virum Damp, dee méiglecherweis toxesch kéint sinn, ze schützen. Am beschte sollt ee sech viischt Dicher virun Nues a Mond halen, wann ee sech dobaussen ophält. Dowéinst ass et och d'Recommandatioun, Klimaanlagen a Ventilatoren a Gebaier auszemaachen, déi vu bausse Loft eranzéien.