Am Zentrum vun der schweedescher Haaptstad Stockholm ass e Freideg am Nomëtteg e Bus an e Grupp Leit gerannt.

D'Leit stoungen deen Ament bei engem Bushaischen an der Géigend vun der Universitéit. Der schweedescher Police no sinn dobäi dräi Persounen ëm d'Liewe komm, dräi weiderer goufe blesséiert.

De Chauffer vum Bus, deen u sech hätt sollen hors service sinn, gouf festgeholl a gëtt interrogéiert. Déi genee Hannergrënn vum Virfall, beispillsweis ob et sech ëm en Accident gehandelt huet, si bis ewell onkloer. De schweedesche Premier Ulf Kristersson huet um Kuerznoriichtendéngscht X de betraffene Famillje säi Bäileed ausgeriicht.