Weltkrichsbomm zu Kassel iwwer Nuecht entschäerft ginn
© Photo by NICOLE SCHIPPERS / DPA / DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP
Ronn 2.500 Persounen hunn iwwer Nuecht missen zu Kassel an Däitschland evakuéiert ginn, well eng englesch Fligerbomm aus dem Weltkrich fonnt gouf.
An der Nuecht op e Freideg gouf zu Kassel eng 250 Kilogramm schwéier Weltkrichsbomm entschäerft. Ronn 2.500 Awunner goufen evakuéiert, wéi d'Verwaltung vun der hessescher Stad matgedeelt huet. Méi wéi 500 Persoune koumen an enger Ausstellungshal ënner.
Déi englesch Fligerbomm war e Mëttwoch bei Sanéierungsaarbechten an der Géigend vum Auestadion fonnt ginn an huet missen entschäerft ginn. Experte vum "Kampfmittelräumdienst" haten e Sécherheetsperimeter vu 500 Meter festgeluecht.
Ronn 250 Membere vun de Pompjeeën, der Police, Hëllefsorganisatiounen an och Mataarbechter vun der Stad waren am Asaz. Géint 00.40 Auer war d'Bomm entschäerft.