Mamm an zwee kleng Kanner stierwen no Liewensmëttelvergëftung zu Istanbul
© Photo by SU CASSIANO / MIDDLE EAST IMAGES / MIDDLE EAST IMAGES VIA AFP
No engem tragesche Virfall zu Istanbul sinn zwee Kanner an hir Mamm un enger presuméierter Liewensmëttelvergëftung gestuerwen, de Papp ass nach am Spidol.
Wéi tierkesch Autoritéiten a Medien e Freideg melle sinn zwee Kanner an hir Mamm gestuerwen, nodeem d'Famill Street-Food op enger beléifter touristescher Plaz zu Istanbul giess hat. De Papp läit momentan nach schwéier blesséiert am Spidol.
D'Famill aus Hamburg soll de Mëttwoch krank gi sinn, nodeem si verschidde Street-Food-Platen an engem Restaurant am Quartier Ortaköy, um Fouss vun enger Bréck iwwer dem Bosporus, giess hat. Alle véier si kuerz drop an d'Spidol bruecht ginn.
Fir déi zwee Kanner, sechs a véier Joer al, war et allerdéngs ze spéit. Wéi de regionale Gesondheetschef vun Istanbul en Donneschdeg op X geschriwwen huet, wieren déi zwee Kanner gestuerwen.
D'Mamm an de Papp goufen op der Intensivstatioun behandelt, mee och d'Mamm huet et net iwwerlieft.
Eng Ermëttlung gouf an der Tëschenzäit opgeholl. "Et goufe Prouwe geholl op de Plazen, wou d'Famill giess huet, a véier Leit goufe festgeholl", sou de Justizminister.
E puer Medieberichter hu gemellt, d'Famill hätt Moulle mat Reis giess, e populäre Snack, dee virun allem vu Street-Vendeuren ugebuede gëtt. Och weider Delikatesse stinn ënner Verdacht, fir den Doud vun den dräi Persoune verantwortlech ze sinn.
Bei den Affer soll et sech ëm eng tierkesch Famill handelen, déi an Däitschland wunnt an zu Istanbul an der Vakanz war.