De Jean Asselborn erënnert drun, dass d'Europäesch Unioun 2015 keen anere Choix hat, wéi d'Verdeelung vun de Flüchtlingen iwwert Quoten ze reegelen.

Dat sot de Lëtzebuerger Ausseminister an engem Interview um SWR.
Um Europäesche Geriichtshaff kënnt et um Mëttwoch zu enger Verhandlung iwwert d'Erfëllung vun de Flüchtlingsquoten. Ungarn an d'Slowakei hate jo virum EuGH eng Plainte gemaach. Um Mëttwoch ass den Optakt vun deem Prozess.

Just well d'Quoten nach net erfëllt goufen, gesäit de Jean Asselborn doran awer nach kee Scheitere vun der Flüchtlingspolitik. Déi Länner déi d'Plainte gemaach hunn, missten awer och un d'Grondprinzipie vun der Europäescher Unioun erënnert ginn, an dat wier Solidaritéit.

Aktuell komme jo nees méi Flüchtlingen iwwert d'Mier virun allem an Italien un, an dofir misste d'Unioun sech um Rimm rappen an déi legal Migratioun nees méi staark op d'Agenda schreiwen. Domat kéint ee ganz vill erreechen, sou de Jean Asselborn.

AUDIO: De Jean Asselborn am Interview um SWR