Nestlé wäert bannent zwee Joer 16.000 Plaze sträichen

© Fabrice COFFRINI / AFP
Den neie CEO reagéiert domat op de Chiffre d'affaires vun den éischten 9 Méint, deen ëm 1,9 Prozent zréckgaangen ass.
"D'Welt evoluéiert an Nestlé" muss sech méi séier adaptéieren", sot de Philipp Navratil, deen zanter September neie CEO vum Alimentatiouns-Ris ass. Dowéinst missten elo schwiereg awer néideg Decisioune getraff ginn, fir d'Effektiver ze reduzéieren. An den éischte 9 Méint vum Joer wier de Chiffre d'affaires ëm 1,9 Prozent op 65,9 Milliarde Schwäizer Frang zréckgaangen. Trotzdeem konnt Nestlé am drëtte Quartal säi Wuesstem beschleunegen, a kéint seng Joresziler nach erreechen.
Deemno wäerten 12.000 international Bürosplazen an diverse Funktiounen opgeléist ginn. Doduerch géing ronn eng Milliard Schwäizer Frang agespuert gi bis Enn 2027. Dat wier dat Duebelt vun deem, wat bis elo virgesi war, sou déi Schwäizer Entreprise. Dobäi komme 4.000 Posten aus Initiativen, déi schonn um Wee waren, wouduerch d'Produktivitéit an der Produktioun an an de Liwwerkette verbessert soll ginn.
Den neie CEO viséiert mat den neie Mesuren Aspuerunge vun 3 Milliarde Frang. Bis ewell waren 2,5 Milliarden als Zil ausgi gewiescht. Nestlé, mat méi wéi 2.000 Marken, huet e mouvementéierte September hannert sech. De fréiere Generaldirekter Laurent Freixe war entlooss ginn, de belsche President vum Verwaltungsrot Paul Bulcke hat doropshi säin Amt néiergeluecht.
D'Analyste vum Grupp hoffen, dass de Navratil, dee bis ewell de Chef bei Nespresso war, erëm fir Stabilitéit wäert suergen. Zanter der Inflatiounswell vun 2022 an enger Rei Skandaler ronderëm hir Waasserfläschen a wou d'Waasser hierkënnt, waren d'Gewënner vun Nestlé zréckgaangen.