Parquet fuerdert sechs Joer Prisong fir Haaptugekloten

© RTL Grafik
E Mëttwoch war et d'Suite vum Prozess wéinst Policegewalt zu Esch.
Am Prozess wéinst Policegewalt zu Esch huet de Parquet e Mëttwoch sechs Joer feste Prisong fir den Haaptugeklote gefrot a jeeweils véier Joer fir déi aner véier Ugekloten, plus Geldstrofen. Donieft sollen d'Polizisten och hir Ämter ewechgeholl kréien.
Si géif et de Riichter iwwerloossen, ob si de Virworf vun der Folter géifen zréckbehalen, sot d'Vertriederin vum Parquet. Ma wéi de Polizist 2019 am Chem zougeschloen huet, war d'Affer mat Handschelle gefesselt a gouf vun zwee weidere Polizisten ugehalen. Hir wier et och virkomm, wéi wa si hien extra fir de Coup gedréint hätten, mee et sollt een de Virworf vun der Tortur och net bradéieren, esou d'Vertriederin vum Parquet. "Ech ka mer net virstellen, wéi een esou mënscheveruechtend kann handelen", sot si. Wéi e "Stéck Véi", hätte si hien an d'Camionnette gedréckt. An nach emol no gedréckt, fir datt d'Féiss net méi géifen erausstoen.
Poliziste misste sech net alles gefale loossen am Déngscht. Si misste sech net bäissen oder uspäize loossen. Ma dës Gewalt wier net legitim gewiescht, well d'Affer sech dee Moment guer net gemuckst hätt. Et wier eng normal Schicht gewiescht, wou eng alkoholiséiert Persoun an Arrest ze huele war. Dat wier net agreabel. Mee dem Haaptugeklote seng Roserei hätt keng Ursaach gehat. Hien hätt einfach eng niddreg Frustratiounsschwell a wär wéi eng "tickend Zäitbomm" gewiescht.
D’Vertriederin vum Parquet gesäit och Circonstances aggravantes, well de Polizist verstäerkten Händschen unhat, déi zwar haut, mee deemools net zur Police-Ausrüstung gehéiert hunn. Allerdéngs huet si och Circonstances atténuantes gesinn, dat well den Délai raisonnable méiglecherweis depasséiert wier. Datt säi Casier vierge wier, wollt si iwwerdeems net gëlle loossen, dat wier jo fir e Polizist selbstverständlech.
Fir déi véier aner Ugekloten huet d'Vertriederin vum Parquet och den Drock ënner Kolleegen als Circonstances atténuantes opgefouert.
Den Affekot vum Haaptugekloten huet vun der Defaillance vun engem Mënsch, mee och vum ganze System vun der Police geschwat. Hien huet e Mail virgelies, an där de Polizist erkläert huet, wéi et him zanter senger Untersuchungshaft gaangen ass. Hie géif mat Depressioune kämpfen. Hie kéint näischt maachen, well hie sech net an d'Zukunft projezéiere kéint. Dofir kéint hien och keng Relatioun halen. Keng Fra wéilt mat engem depressive Mann zesumme sinn, dee sech net an d'Zukunft kéint projezéieren. Hien hätt en Hond adoptéiert, fir eng Responsabilitéit ze hunn. Ma ënner d'Leit goen, géing hien net, well hie sech net géing wuel fillen. Wat hie gemaach hätt, géif hien all Dag begleeden an e géif et bis bei säin Doud bereien.
De Prozess geet en Donneschdeg um Stater Geriicht virun.