Den US-Verdeedegungsminister Hegseth huet d'Reegele verschäerft. Reporter verloossen aus Protest d'Gebai - mat Still a Kopiesmaschinnen.

Dosende Journalisten hunn de Pentagon verlooss. Si hunn d'Reegele refuséiert, déi de Verdeedegungsminister Pete Hegseth erlooss huet. Doran heescht et, dass Journalisten aus dem Ministère ausgewise kënne ginn, wa se iwwer Informatioune beriichten, déi net vun him fir d'Verëffentleche fräigi sinn.

Tëscht 40 a 50 Reporter hunn doropshi gemeinsam d'Gebai verlooss an dobäi Still, Miwwelen, Bicher, Fotoen a souguer eng Kopiesmaschinn mat eraus op de Parking geholl. Si wollte sech net mat hirer Ënnerschrëft zu den neie Reegele bekennen. Dës géife kee Sënn maachen, wa Reporter keng Militärbeamte méi ëm Informatiounen dierfte bieden. D'Ëffentlechkeet verléiert domat den Zougang zu Informatiounen, op déi si e Recht huet an och d'Recht, deene Leit Froen ze stellen, déi mat der Verwaltung vu bal enger Billioun Dollar u Steiergelder an dräi Millioune Mataarbechter beoptraagt ass.

Scho virun der Aféierung vu senger neier Pressepolitik hat den Hegseth, e fréiere Moderator vu Fox News, de Floss vun den Informatioune limitéiert. D'Regierung huet erkläert, si wéilten déi "stéierend" Press reguléieren. Zanter sengem Amtsuntrëtt hat den Donald Trump sech eng Partie juristesch Ausenanersetzunge mat verschiddene Medie geliwwert, dorënner d'New York Times, de Wall Street Journal, an d'Tëleessendere CBS News an ABC.

Wéi eng praktesch Auswierkungen déi nei Reegele wäerten hunn, ass nach onkloer. D'Journalisten hunn awer ugekënnegt, weider intensiv iwwert dat amerikanescht Militär wëllen ze beriichten.

RTL

© BRENDAN SMIALOWSKI / AFP